Danaos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Danaos (gr. Δαναος, "Schléifer", lat. Danaus) war an der griichescher Mythologie de Jong vum Belos an der Anchinoë, Brudder vum Aigyptos. D'Griichen hunn en als Ancêtre vun den Danaër ugesinn.
[Änneren] Mythos
Dem Danaos seng 50 Duechteren (Danaiden) si vun hierem Monni gezwonge ginn seng 50 Jongen ze bestueden. Mat Hëllef vun hierem Papp ass et hinnen awer gelongen hier Männer (bis op de Lynkeus) an der Hochzäitznuecht ëmzebréngen. Den Danaos ass mat sengen Duechteren op Argos geflücht, wou en de Kinnek verdrängt huet.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |