David Dunbar Buick
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den David Dunbar Buick, gebuer de 17. September 1854 zu Arbroath, Angus, Schottland a gestuerwen de 5. Mäerz 1929 zu Detroit, war en schottesch-amerikaneschen Ingenieur an Industriellen.
De villsäitegen Erfinder David Dunbar Buick huet e groussen Deel zur Weiderentwecklung vum Automobil zu engem usprochsvolle Gebrauchs- a Sportsgefir bäigedro. Hien huet 1903 Buick Motor Car Company gegrënnt, déi spéider an der Firma General Motors Corporation opgaang ass.
Dem David Dunbar Buick ass ët gelong eng Prozedur ze entweckelen déi et erlaabt Metaller mat Parzeläin ze iwwerzéien an esou viru Korrosioun ze schützen.