Departement Côte-d'Or
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
![]() |
|
Regioun | Bourgogne |
Prefektur | Dijon |
Ënner-Prefektur(en) | Beaune Montbard |
Bevëlkerung | 506.755 Aw. (1999) |
Bevëlkerungsdicht | 58 Aw./km² |
Fläch | 8.763 km² |
Arrondissementer | 3 |
Kantoner | 43 |
Interkommunalitéit | 28 |
Gemengen | 707 |
President vum Conseil général |
Louis de Broissia |
D'Departement Côte-d'Or (21) ass e franséischt Departement, an der Bourgogne. Säin Numm huet et net, wéi all déi aner Departementer, vun enger preziser geographescher Donnée (Floss, Bierger, ...), mee ass eng Créatioun vum André-Rémy Arnoult, deen esou d'Wéngerte vun der Bourgogne, am Hierscht, beschriwwen huet.
[Änneren] Geschicht
D'Departement Côte-d'Or gouf zesumme mat 82 aneren Departementer ënnert de Franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 op Grondlag vum Gesetz vum 22. Dezember 1789 geschaf.
[Änneren] Geographie
D'Côte-d'Or ass en Deel vun der Regioun Bourgogne; a grenzt un d'Departementer Yonne, Nièvre, Saône-et-Loire, Jura, Haute-Saône, Aube an Haute-Marne.
An der Côte d'Or ass d'Waasserscheed vun der Bourgogne tëscht de Basenge vun der Seine, dem Rhône, der Saône an der Loire.
Nieweflëss dovun, déi duerch d'Departement fléisse sinn:
- d'Armançon an d'Aube, déi an d'Seine lafen. D'Seine entspréngt am Departement, um Plateau vu Langres zu Saint-Germain-Source-Seine;
- den Arroux, deen an d' Loire leeft;
- d' Saône, Haaptzoufloss vum Rhône, deen duerch Auxonne, Saint-Jean-de-Losne a Seurre leeft.
- d' Ouche, en Niewefloss vun der Saône, leeft duerch Dijon.
Et gi 4 Haaptgéigenden:
- de Morvan am Südwesten,
- de Plateau vu Langres am Norden,
- d'Plaine vun der Saône am Osten
- den Auxois-Châtillonais am Nordwesten.
[Änneren] Demographie
D'Awunner vun der Côte-d'Or ginn op Franséisch Côte-d'Oriens genannt, heiansdo och Costaloriens.
[Änneren] Kuckeswäertes
- D' Graf vu Vix a säi Krater, och Vase de Vix genannt, aus der Eisenzäit.
- Alésia
- D' Château de la Rochepot
- D' Hospices de Beaune
- D' Route des Grands Crus tëscht Dijon a Santenay.
- D'Stad Dijon
- Semur-en-Auxois
- Auxonne mat sengem Arsenal.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
01 Ain · 02 Aisne · 03 Allier · 04 Alpes-de-Haute-Provence · 05 Hautes-Alpes · 06 Alpes-Maritimes · 07 Ardèche · 08 Ardennes · 09 Ariège · 10 Aube · 11 Aude · 12 Aveyron · 13 Bouches-du-Rhône · 14 Calvados · 15 Cantal · 16 Charente · 17 Charente-Maritime · 18 Cher · 19 Corrèze · 2A Corse-du-Sud · 2B Haute-Corse · 21 Côte-d'Or · 22 Côtes-d'Armor · 23 Creuse · 24 Dordogne · 25 Doubs · 26 Drôme · 27 Eure · 28 Eure-et-Loir · 29 Finistère · 30 Gard · 31 Haute-Garonne · 32 Gers · 33 Gironde · 34 Hérault · 35 Ille-et-Vilaine · 36 Indre · 37 Indre-et-Loire · 38 Isère · 39 Jura · 40 Landes · 41 Loir-et-Cher · 42 Loire · 43 Haute-Loire · 44 Loire-Atlantique · 45 Loiret · 46 Lot · 47 Lot-et-Garonne · 48 Lozère · 49 Maine-et-Loire · 50 Manche · 51 Marne · 52 Haute-Marne · 53 Mayenne · 54 Meurthe-et-Moselle · 55 Meuse · 56 Morbihan · 57 Moselle · 58 Nièvre · 59 Nord · 60 Oise · 61 Orne · 62 Pas-de-Calais · 63 Puy-de-Dôme · 64 Pyrénées-Atlantiques · 65 Hautes-Pyrénées · 66 Pyrénées-Orientales · 67 Bas-Rhin · 68 Haut-Rhin · 69 Rhône · 70 Haute-Saône · 71 Saône-et-Loire · 72 Sarthe · 73 Savoie · 74 Haute-Savoie · 75 Paräis · 76 Seine-Maritime · 77 Seine-et-Marne · 78 Yvelines · 79 Deux-Sèvres · 80 Somme · 81 Tarn · 82 Tarn-et-Garonne · 83 Var · 84 Vaucluse · 85 Vendée · 86 Vienne · 87 Haute-Vienne · 88 Vosges · 89 Yonne · 90 Territoire de Belfort · 91 Essonne · 92 Hauts-de-Seine · 93 Seine-Saint-Denis · 94 Val-de-Marne · 95 Val-d'Oise · 971 Gouadeloupe · 972 Martinique · 973 Guyane · 974 Réunion