User talk:Derdaiwwel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
[Änneren] Wëllkomm
Wëllkomm bei der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Wanns de ganz nei bei Wikipedia bass, kanns de dir als éischt eis Hëllef-Säit ukucke goen, do fënns de alles wat s de als neie Wikipedianer wësse muss.
Du kanns natierlech och bis an de FAQ kucke goen, wou déi heefegst gestallte Froen opgelëscht sinn.
Fir deng Messagen ze signéieren, muss de 3 mol den Tilde (~) schreiwen, bei 4 mol kënnt och nach d'Auerzäit an den Datum dobäistoen.
Vill Spaass an op eng gutt Zesummenaarbecht.
--Zinneke 14:12, 1 September 2005 (UTC)
"Dat hei schéngt da lo meng Usersäit ze sinn.": Dat ass se. Schéin datt s de hei mat derbäi bass. Du hues der fir den Ufank jo en décke Maufel erausgesicht. Mee, wéi soen se, dorun ass nach keen erhéngert :-) Wann s de nach Froen hues, da looss se roueg kommen. Wonner dech nawer net, wann heinandsdo ee mam Torschong hannendrun trëppelt, déi lëtzebuergesch Schreifweis ass eppes Wonnerleches. --Cornischong 14:36, 1 September 2005 (UTC)
Wei gesoot: Letzebuergesch as jo mat di schweierst Sprooch op der Welt...et get der jo neme 400 000 di et schwätzen...:) Wann ech gesin wat nach emer an der daitscher Wikipedia fir Ennerungen bei dem "decke Brocken" gescheihen, kann dat jo nach e lange Wee gin...:)
Wei as di gängech Meenung zum Letzebuergeschen...et as eng schweier Sprooch, et schwätze jo neme 400000 Leit op der ganzer Welt et...:) Eng schweier Aufgab helleft engem um Ball ze bleiwen... Derdaiwwel 14:49, 1 September 2005 (UTC)
[Änneren] Zitater
Zitater wa méiglech mol am Original, deemno wéi nach eventuell op Lëtzebueresch. Et léisst sech net absolut drop äntweren. An: Onbedéngt uginn wou et hierkënnt !!!!!!! Titel, Editioun, Kapitel, ... Da komme mer net esou wäit , datt sech der dat ënner de Fangerneel erauskraze wéi een dat geleegentlech an anere Wikie fanne kann. --Cornischong 17:34, 1 September 2005 (UTC)
Bäi franséischen oder däitschen Zitater setzen ech ëmmer d'Original dohinner plus eng Iwwersetzung op Lëtzebuergesch. --Otets ♣ 13:11, 2 September 2005 (UTC)