Desmond Llewelyn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Desmond Wilkinson Llewelyn, gebuer den 12. September 1914 zu Newport, a gestuerwen den 19. Dezember 1999 war e walisesche Schauspiller.
De Llewelyn gouf besonnesch wéinst senger Roll als Q an 18 James Bond-Filmer bekannt. Hien huet an deenen de Chef gespillt vun der Q-Abteilung vum britische Geheimdengscht MI6, deen de Bond mit allerhand technesche Spillereien equipéiert huet.
Den Desmond Llewelyn, de Jong vun engem Kuelegrouweningenieur wollt ursprénglech Geeschtleche ginn. Op der Highschool huet en a munnegen Theaterstécker matgespillt an hien huet mat der Zäit dru Gefale fonnt.
No dem Zweete Weltkrich, an deem hien eng laang Zäit an engem däitsch Krichgefaangenelager verbrucht huet, ass hie weidergefuer mat senger Theatercarrière.
[Änneren] D'Bond-Filmer
1963 gouf de Llewelyn engagéiert fir am zweeten James Bond-Film From Russia with Love de Major Boothroyd ze spillen, vill besser bekannt als Q. Hien huet vun deem Moment un an alle Bond-Filmer (bis op den Live and Let Die) déiselwecht Roll gespillt. Den The World is Not Enough war säi leschten. Säin Nofolger gouf den John Cleese.
Den Desmond Llewelyn ass den 19. Dezmeber 1999 bei engem Autosaccident zu Firle an East Sussex ëm d'Liewe komm. Hie war um Heemwee vun enger Autogrammstonn.