Dosen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Dosen (v. mëttelhéichdt.: tozen, aus dem lat.: duodecim = zwielef) ass d'Bezeechnung vun enger Quantitéit vun zwielef gläichaartege Saachen, also eng Zielmooss. D'Dose war an de vireschte Joerhonnerten besonnesch am Wuereverkéier eng Moossunitéit. Gebräichlech waren och d'Schock (fënnef Dosen = 60) an de Gros (zwielef Dosen = 144).
Eng Bäckeschdosen ass den ëmganksproochlechen Ausdrock fir "13".
Nach haut ginn et Iwwerreschter vun dëser Stéckelung, déi bekannsten dovunner sinn d'Eeërkëschten, déi eng hallef Dosen oder sechs Eeër hunn, de Sixpack fir Fläschen, de Verkaf vu Läffels- oder Iessgeschir an der Dosen, asw. Fabrikante wéi Staedtler oder Faber-Castell liwweren hir Faarweg Bläistëfter oder Pastellkräid haut nach gréisstendeels an Dosene-Këschtercher mat 12, 24, 36 oder 120 Stéck.
Och d'Zäitandeelung baséiert op der 12.
Der Dose läit den Duodezimalsystem zugrond, dee géigeniwwer dem Dezimalsystem de Virdeel huet, datt d'12 duerch 2, 3, 4 a 6 gedeelt ka ginn (10 just duerch 2 a 5).