Wikipedia:Eis Schreifweis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Lëtzebuergesch op der Wikipedia
E klenge Guide fir Lëtzebuergesch ze schreiwen | Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch | Geschicht vun der Lëtzebuerger Schreifweis | Lëscht vun de lëtzebuergesche Riedensaarten | "Eng Kleng Hëllef fir Lëtzebuergesch ze schreiwen" | Spellchecker | Wéi heescht dat...?
Lëtzebuergesch schreiwen
|
||
Wat ass net méi an eiser Schreifweis ?e'- o´- ß - î - û - ê - ô - ö - â - è
Den ö gëtt et nëmmen als laangen ö (blöd, Föhn…) Den h hannen a bannen ass ewech…
...wann een e bei "integréierte" Wierder net héiert
De jh ass ganz eraus !
Franséisch Wierder behalen hire ^(circonflexe)
Mee keen "Hittche" (méi) op Lauter, déi och am Lëtzebuergeschen duerch d'Nues ginn (Nasalen): Chance, Timber, Chamber… Vokalen (i-u-e-o-a-)… eenzel oder duebel ?De laang geschwaten e (Breedewee, Feierdeeg, deelen) ass ëmmer duebel, och wa vir- oder hannendrun en ë kënnt(leeën, gëeelzt…); an original gebrauchten däitsche Wierder bleift den e eenzel (Segen, eben, Ekel, Regel, Meter). Prinzip
Dat gëllt och elo fir d´Verb-Formen alleguer, déi sech nom lëtzebuergesche Stack (Infinitiv) riichten an net nom däitschen:
Beispiller fir ze vergläichen
Zesummegesate Wierder
Bei zesummegesate Wierder behällt all Deel seng Schreifweis:
Dat gëllt och, wann e "Genitiv-s" dotëscht steet: Schof-s-pelz… Diphtongen a "Rutschlauter"Typesch Duebel-Lauter (Diphtongen a "Rutschlauter"), déi mir zesoen net am Däitschen oder Franséische fannen, dacks ower am Hollänneschen oder Engleschen.
Mat eiser Schreifweis kann een och typesch regional Lauter schreiwen: Millermoaler, Froaen, Guaart, hiän ass derniäft, d'Öuewersauer… Sproochlech KlengegkeetenAss et "Lëtzebuerger" Hunneg oder "lëtzebuergeschen" Hunneg ?
Ziel mer Eppes
Wou sech d'Stattfannung befënnt
Amplaz vum "stattfannen" gëtt op Lëtzebuergesch "ofgehale ginn" gebraucht. Amplaz vum "sech befannen" gëtt op Lëtzebuergesch "sinn" gebraucht. Hyper-, mega- a superquokeleg Wierder
Iwwer d'Zielen, d'Erzielen an d'Verzielen
Iwwer Bäll, déi mat Fouss gestouss ginn
Wann am Sport Bäll mam Fouss gespillt ginn, da geet et (meeschtens) ëm Foussball. Se ginn net mam Foot, net mam Fuss an och net mam Futt gestouss. Iwwer Stroossen, déi "be"nannt ginn
Mer nennen a mer vernennen, awer mer benennen näischt. Dat Verb hu mer net. "Be"grënne "Be"grënner?
Jo, mee et sinn d' "Grënner", déi eppes "grënnen"; an doropshin ass et "gegrënnt.<be> "Be"grënner, sinn déi, déi fir eppes e Grond uginn; si begrënnen eppes; se kënnen et och "justifiéieren". |
Den ë an den éë
Den ë steet ëmmer amplaz vum kuerz betounten däitschen ö, ower net bei Artikelen (den, dem) oder dem Firwuert (pronom) vun der 3. Persoun (em,en,es, et):
Nach eng Kéier: Den ë kënnt nëmmen an eng betounte Silb. - Also: "nëmmen net op englesch" é
Den é steet nëmmen (nach) a kuerze betounte Silben:
awer net (méi) a Besëtz-Wierder (meng, deng, seng), grad ewéi an Uertschaftsnimm, wou d´Silb net betount ass:
mä: Lénger, Réngel. Oppassen: mir hu keen è (eleng, reng, Bengel) Ufank- a Schlusskonsonantend-t-b-p-f-w
De Schluss-Konsonant d-t-b-p-f-w riicht sech nom däitsche Schrëftbild, och wann dee Konsonant am Lëtzebuergesche beim Verlängere "weech" gëtt ( Brot/broden):
Ass keng esou Ofleedung méiglech, da gëtt den haarde Konsonant (t-p-f) geholl. G oder ch um Schluss ?
Banne bleift de "g" nom däitsche Schrëftbild stoen:
De "g" bleift och normalerweis um Enn wéi am Däitschen; just wann d'Silb kuerz a betount ass, schreiwe mir den "ch":
V oder f um Ufank ?
De v oder f als Ufanksbuschtaf steet nom däitsche Schrëftbild:
Friem WierderAn eiser Sprooch gëtt et kéipweis Wierder déi kee lëtzebuergescht "Gesiicht" hunn, an déi just wéi am Däitschen, Franséisechen, Engleschen oder Italiéinesche geschwat bleiwen; mir kënnen äis et duerch eis Sprooche-Situatioun "leeschten", déi normalerweis och esou wéi an der Originalsprooch ze schreiwen; dat gëtt bestëmmt och manner Verkuerbelerei an eise Schoulen. Mir hale bei griichesch-laténgesch a romanesche(franséische) Wierder hirt "Gesiicht" bäi: * Geographie – Comité . Commissioun – Chouer- Chrëschtdag – Courage – Cours – Computer… Dat passt vill méi elegant a ganz logesch an eis Sprooche-Landschaft. Ausser bei Wierder, déi am Däitsche schon geännert gi sinn: Foto - Elefant - Telefon Oppassen op d'Schreifweis vun agebiergerte Wierder: Tëlee - Vëlo ! Den ApostrophDen Apostroph(') steet, ewéi an anere Sproochen, fir een oder méi Buschtawen, déi ewechfalen a genee op deer Plaz, wou si ewech gelooss ginn:
D' Eifeler RegelDen n (um Enn vun engem Wuert oder bannent engem zesummegesatene Wuert) gëtt net geschriwwen, wann en net ausgeschwat gëtt. Den n bleift also just stoe virun i-u-e-o-a / n-d-t-z-h oder engem Sazzeechen (dozou zielt och d'Klamer). Oppassen op d'Ausnamen
Grouss a kleng, getrennt oder zesummen ?Grouss a kleng, oder getrennt riicht sech nom däitsche Gebrauch! GrammatikaleschesMir hu KEE Partizip am Présent
Den däitschen 1. Partizip (oder Präsenspartizip, oder Mittelwort der Gegenwart) gëtt et bei eis NET.
Wéi ass et mat de Verben an der Vergaangenheet ?
Eist Beispill: Si bevëlkerten d'ganzt Land an entwéckelte verschidde Sproochen a Kulturen." Dat gëtt et bei eis NET. Mir kennen nëmmen e puer Verben, déi eng Vergaangenheetsform hunn:
Iwwer Adjektiver mat -bar
Et wier méi praktesch, mee mir hunn ausser "dankbar" "wonnerbar" a "scheinbar" kaum Adjektiver mat ...bar
De Plural bei Wierder mat franséischen Originnen
|
Fir ze liesen
- BRAUN, Josy, Eis Sprooch richteg schreiwen. Bartreng, Rapidpress 12. Oplo 2006, ISBN 2-9599684-4-1
- SCHANEN, François / ZIMMER, Jacqui, 1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire, Band 3: L'orthographe. Esch-sur-Alzette, Schortgen, 2006, ISBN 10: 2-87953-022-9; ISBN 13: 978-2-87953-022-2