Elfrida Andrée
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Elfrida Andrée gebuer de 19. Februar 1841 zu Visby, a gestuerwen den 11. Januar 1929 zu Göteborg, war eng schwedesch Organistin a Komponistin.
D' Schülerin vum Ludvig Norman a vum Niels Wilhelm Gade war eng Aktivistin an der schwedescher Fraebewegung. Si war eng vun den éischten Organistinnen a Skandinavien. Vun 1861 u war se zu Stockholm a gouf 1867 Organistin an der Kathedral vu Göteborg. Fir hir Verdéngschter gouf se spéider Member vun der Schwedescher Musekakademie.
Der Elfrida Andrée hir Uergelsinfonien sinn och hautesdaags nach ze héieren. Si huet ausserdeem komponéiert: d' Oper Fritiofs saga (no engem Text vun der Selma Lagerlöf, 1899), e puer Orchesterwierker, e Pianoquartett (1870 an e Pianotrio (1887), Gei- a Pianosstécker, eng Schwedesch Mass an och nach eng Rei Konschtlidder.