Emile Maar
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Emile Maar gebuer de 7. Oktober 1916 zu Nidderkuer, a gestuerwen den 23. September 1965 zu Käerjeng), geléierte Gärtner, spéider Sergeant an der 1re Armée Française an Leeder vun verschiddenen lëtzebuergeschen Resistenzzellen.
Ugangs 1941 huet den Emile Maar, dee geléierte Gärtner war, éischt Kontakter mat der PI-Men opgeholl, wou en direkt als Passeur an der Section Evasion gehollef huet, Flüchtlingen a Frankräich anzeschleisen. Bis März 1942 huet e vill geheim Grenziwwergäng erméiglecht. Spéider ass en an Kontakt gerode mat der L.R.L., wou en zimlech séier d'Organisatioun vun der geheimer Ënnergrondbeweegung an der Géigend ëm Déifferdeng, Nidderkuer an Uewerkuer iwwerholl huet. Och a Schëffleng an an Esch-Uelzecht huet den Emile Maar, zesummen mam Conrad Pauly, d'L.R.L.-Gruppen ausgebaut, a vun deem Zäitpunkt un de Posten vum Distriktschef vun der L.R.L. iwwerholl. Seng Haaptchargen hun deemools virun allem an der Beschaafung vu Geldmëttelen, Liewensmëttel- a Kleederkaarten an der Verdeelung vun patriotesche Fluchziedelen bestan.
Juni bis August 1943 huet en am zum Deel besate Frankräich verbruecht, wou en och fir een Dag a Gefaangenschaft geroden ass. Wéi en rëm zu Lëtzebuerg war, huet e mat de Grenziwwergäng weidergemaach a ville bekannten Deserteueren am Frankräich polnesch Auswäiser verschaaft, fir se sou virun enger weiderer Verfolgung ze schützen. Hie selwer huet sech während deeër Zäit misse verstoppt halen.
Wéi et ëmmer méi schwéier gouf d'Fluchtweeer z'organiséieren , huet misse gehandelt gin! Den Emile Maar ass do als éischt op d'Iddi komm, d'Refraktären ënnert dem Buedem eng Stopp ze gin, an zwar an der wäitleefeger Gallerie Hondsbësch. Sou war den Emile den Initiator vum Nidderkuerer Hondsbësch-Bunker, an deene spéider iwwert 122 Refraktäre verstoppt waren!
No der Befreiung vu Lëtzebuerg am Januar 1945 ass den Emile Maar als Fräiwëllegen an d'1re Armée Française gaangen, wou hien et bis zum Schluss vum Krich 1945 an de Rang vun engem Sergeant gepackt huet, decoréiert mat der Croix de Guerre.
En ass am Alter vun 48 Joer 1965 gestuerwen, Bei sengem Begriefnëss waren bekannte Leit, wéi ënnert aaneren den Alphonse Osch, de Lieutenant-Colonel Emile Krieps, an de Ferdinand Besch... .