Epd Film
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
epd Film ass eng däitsch Filmzäitschrëft, déi zënter 1984 all Mount erauskënnt. Si gëtt publizéiert vum Evangelischer Pressedienst
De Virleefer war epd Kirche und Film, eng Zäitschrëft, déi sech däitlech méi op Kierchenthemae gestäipt hat.
epd Film gëtt op engem seriéise Niveau eng Iwwersiicht vun der Aktualitéit vum internationale Film. Den Ëmfang ass geklomme vun 40 Säiten am schwaarz/wäiss op 60 Säite komplett faarweg.
All Heft besteet aus dräi Deeler:
- D'Kritiken iwwer aktuell Filmer
- Gréisser Iwwerblécksartikelen iwwer Perséinlechkeeten vun der Filmwelt, Filmlänner oder Genren, an ausféierelech Gespréicher mat Regisseuren an aner Filmleit.
- Dem Magazin: Reportagen iwwer Filmfestivalen, Kritiken iwwer DVDen, Filmmusek-CDen a Bicher iwwer Film.
D'Redaktioun vun epd Film déi zu Frankfurt am Main hir Büroen huet, besteet aus dräi Redakteren. Vêrantwortleche Redakter vu 1984 bis 2002 war de Wilhhelm Roth, zënterhier ass et de Rudolf Worschech. Déi meeschte Bäidréi gi vu fräie Mataarbechter geschriwwen.
[Änneren] Redakteren an Auteuren
- Rudolf Worschech
- Sabine Horst
- Bettina Thienhaus
- Georg Seeßlen
- Jörg Buttgereit
- Frank Arnold
- Hans Schifferle
- Christoph Dompke
- Detlef Kühn
- Stefan Höltgen
- Raimund Gerz
- Manfred Riepe