Europastrooss
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’ Europastroosse sinn eng Klass vu Stroosse fir Verkéier op groussen Distanzen.
Europastroosse gëtt et an Europa, an an Zentral- a Klengasien
D’Stroossenetz vun den Europastroossen ëmfaasst ronn 50.000 Kilometer, a si sinn duerch e wäissen E mat engem Numero hannendrun op gréngem Fong gezeechent.
A verschiddene Länner stinn d’ Panneaue vun den Europastrossen nieft deene vun den anere Stroossen , an an anere Länner wéi z.B. a Schweden sinn déi grouss Nationalstroosse fir internationalen Trafic nëmme mat engem Europastroosseschëlt gezeechent.
Et gëtt ongeféier 210 Europastrossen .