Fernand Mertens
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Fernand Mertens, * 29. Februar 1872 zu Louvain, † 9. Juli 1957 zu Beetebuerg , war e belsche Komponist. Hien huet iewer souzesoen säi ganzt Liewen zu Lëtzebuerg verbruecht an do geschafft. Dofir get hien och zu de groussen lëtzebuergesche Komponisten gezielt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Seng Studien a säi Liewen
De Fernand Mertens ass den 29. Februar 1872 als Jong vun engem einfachen Fabrikarbechter op d’Welt komm. Hie war dat jéngst vu 10 Kanner. De Fernand Mertens ass zu Louvain an d’Primärschoul an duerno och do an de Kolléisch gang. Well en ëmmer Freed un der Musek hat, wéi de Musekkritiker Léon Blasen äis erzielt, ass hien scho fréi an de Conservatoire zu Louvain gang an huet mat 12 Joer den éischten Präis am Solfège a mat 14 Joer den 1. Präis an der Braatsch kritt. Duerno huet hie sech an d'Normalschoul ageschriw. Hien war der Schoul awer geschwënn midd an ass nët Schoulmeeschter gi, wéi seng Elteren wollten, ma huet sech eng Plaz gesicht. De jonge Fernand ass an déi belsch Arméi gang a koum als élève-cornet an de Musekcorps. 1897 ass hien dunn an d’Militärmusek zu Lëtzebuerg agetratt. Vun do un war säi Wee gemeet :
- 1901 : Dirigent vun der Diddelenger (Stad)musek
- 1903 : Dirigent vun der Hollerecher Musek
- 1909 : Concours fir de Dirigentenposten vu der Militärmusek, aus deem hien als éischten erviergang ass, an huet dorops hin dat selwescht Joer seng Ernennung an dëser Funktioun kritt
- 1918 gouf de Fernand Mertens zum Haff-Kapellmeeschter ernannt
- Hie war och Professer am Musekconservatoire bis zu senger Altersgrenz am Joer 1937
Nodeem e sech 1937 op Beetebuerg zereckgezunn hat, ass hien do 1957 gestuerw a gouf den 11. Juli 1957 um Niklooskiirfecht begruef.
Zu Beetebuerg dréit eng Strooss säi Numm.
[Änneren] Säi Wierk
Eng grouss Variétéit zeechent dem Fernand Mertens säi Wierk aus. Déi folgend Lëscht ass net komplett. Nëmmen déi bekanntest Kompositiounen sinn opgeféiert :
[Änneren] Märsch
De Fernand Mertens ass virun allem de Komponist vun de Märsch :
- Grande-Duchesse Charlotte Marsch (de bekanntesten)
- Prince Jean Marsch
- Princesse Josephine-Charlotte Marsch
- Lëtzebuerger Zaldotemarsch
- Ettelbruck, Porte des Ardennes
- Salut à Differdange
- Lëtzebuerg Rousestad
[Änneren] Sonneriën
- Sonnerie nationale
[Änneren] Operetten
- D'Wonner vu Spéisbësch (No engem Text vum Batty Weber) (Eng Operett, déi e groussen Erfollech hat an och am Ausland ënnert dem Titel : Le Miracle de la Toison d’Or opgeféiert ginn ass)
- Am Pyjama; Musek: Fernand Mertens, Text: Nikla
- E Mammenhierz; Musek: Fernand Mertens, Text: Willy Dumont
- Eng Schwéiermamm; Musek: Mertens/Merzig, Text: Edouard Joris,
[Änneren] Aner Kompositiounen
- eng Partie Potpourriën an Arrangementer wéi d’Dicksiana oder de Scholdschäin an Spuenescht Blutt
- Eng Mass zu Éieren vun der Muttergottes vu Lëtzebuerg, déi 1950-51 fir gemëschte Chouer, Uergel an Orchester bestëmmt wor
- Ouverture mat dem Titel « Mëllerdall »
- Scènes luxembourgeoises a fënnef Deeler
- E puer Lidder wéi
- Abrëll,
- Meereenchen,
- Op der Heed,
- Et reent, et reent
- Zwee Muttergotteslidder:
- Ons léif Fra vu Lëtzebuerg an
- Mutter der Liebe
[Änneren] Literatur
- Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten, Erausgin 1988 vun der „Lëtzebuerger Stad-Musek