Talk:Festung Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Lucilinburg ass guer kee Lateinesch. Et ass een âl Lëtzebuergesch (oder âl Dëitsch, oder âl Frankesch) Numm déi bedeitet: Klenge Buerg (lëtzele buerg).
Lignomontanus (ugemellt beim hollännesch wikipedia), 1 dez. 2005, 18.30 h.
Moien. Et ass op der Plaz vun engem réimesche "castellum" mam Numm "Lucilinburhuc" gewiescht. E schéine Bonjour an Holland. --Cornischong 18:38, 1 Dezember 2005 (UTC)
Ech hunn de Saz liicht geännert: de Lignomontanus huet an deem Sënn Recht, datt wëdder "lucilin" nach "burhuc" laténgesch Wierder sinn; dat kinnt een allerhéchstens als latiniséiert Form vum fränkeschen Equivalent vu Klenger Buerg duerchgoe loossen. Dass et sech em (d'Iwwerreschter vun) engem Réimerkastell handelt, steet sonner Zweiwel. --Zinneke 10:33, 2 Dezember 2005 (UTC)
[Änneren] d'Fro vum Castell
Ech hun grad ugefang dem Koltz säin Wierk duerchzeliesen. Do steht dran, dass et fier den Réieschen Kastell den iwerall erwähnt get, keng Beweiser get an dass et éischter en Iwerwachungsposten aus Holz war. Den Castellum Lucilinburhuc wier éischter vum Tréierer Klouschter St. Maximin gebaut gin an deen hätt um Fëschmaacht gestanen bis en am Obdraach vum Pescatore oofgerappt gouf. Ech géing dat jo gären esou dranschreiwen, mäin Problem ass blouss dass dem Koltz säin Buch schons duebel esou aal ass ewéi ech selwer an dowéinst meng Fro: Kennt en rezent Veröffentlechungen zum Thema. SaluttiSpanish Inquisition 15:59, 30 Juli 2006 (UTC)