User talk:Fliedermaus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
[Änneren] Wëllkomm
Wëllkomm bei der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Wanns de ganz nei bei Wikipedia bass, kanns de dir als éischt eis Hëllef-Säit ukucke goen, do fënns de alles wat s de als neie Wikipedianer wësse muss.
Du kanns natierlech och bis an de FAQ kucke goen, wou déi heefegst gestallte Froen opgelëscht sinn.
Fir deng Messagen ze signéieren, muss de 3 mol den Tilde (~) schreiwen, bei 4 mol kënnt och nach d'Auerzäit an den Datum dobäistoen.
Vill Spaass an op eng gutt Zesummenaarbecht.
--Cornischong 16:15, 30 Mäerz 2006 (UTC)
Ech wollt just tëschenduerch e klengt Kompliment ofginn fir déng Aarbecht, déi s de hei am Sportsrayon leeschs. Tipptopp! --Zinneke 09:11, 25 Abrëll 2006 (UTC)
Da soen ech dem "kulturellen Baaschtert vu Bréissel" ;-) merci. Fliedermaus 14:32, 25 Abrëll 2006 (UTC)
Merci fir de Fiels. Et gi Saachen, déi halen ech am Kapp net gutt aus :-) --Cornischong 20:21, 9 Mee 2006 (UTC)
Salut. Wou kommen dann déi Sëtzer hier? --Cornischong 16:00, 23 Mee 2006 (UTC)
Salut Cornischong, ech sinn leider net den David Copperfield.:-) Ech hunn Zuel vun de Sëtzer an enger Powerpoint-Présentatioun vum Nico Simon fond (op Säit 2): http://www.europa-cinemas.org/fr/news/documents/ppt_conf_digital/Nico_Simon.pps Fliedermaus 16:08, 23 Mee 2006 (UTC)
-
- Nondikass, lo kann ee sech mol net méi op deenen hir Kinowebsäit verloossen:-) Merci. --Cornischong 16:31, 23 Mee 2006 (UTC)
[Änneren] Kinoen
Dach natierlech geet et mat enger Kat. duer. Mä mir haten all d'Kat. geännert op 'Lëtzebuerger Uertschafte' oder 'Däitsch Literatur' oder 'Spuenesch Geschicht'.... asw. Ech hat dofir eng nei opgemacht, mä d'Zäit nach net kritt déi aner och ëmzeänneren :-) --Alexandra 06:52, 24 Mee 2006 (UTC)
Merci. Fliedermaus 06:56, 24 Mee 2006 (UTC)
Moien. De Bim ass nees op senger Plaz. Du weess, wéi kriddleg déi Saach mat de Spëtznimm ass. --Cornischong 10:32, 31 Mee 2006 (UTC)
Eeeeeeeeeee Moment. De reil.lu ass dem JM Ottelé seng Websäit!
[Änneren] Mysteriéis Läschungen
Moien. Et ass net fir d'éischt wou eppes "verschwënnt" bei engem Edit. Ech hat just d'Wéngerte bäigesat (!!!) an näischt geläscht. Leider kann ech der et net erklären, mee heiansdo (glécklecherweis net ze dacks) mécht de Server deeër Tricken. Et ass natierlech lästeg, well wa keen et mierkt (déi leschte Kéier war et e ganz Kapitel!!) dann ass et fleeten. Ech hunn et zréckgesat. Hal d'Aen op. --Cornischong 12:22, 9 Juni 2006 (UTC)
[Änneren] D'Gemeng
Wouhir wousst de, datt et d'Gemeng wier? Souguer an der de-Wiki halen se sech "bedeckt". An ech wollt mer näischt aus de Fangere suckelen. --Cornischong 12:26, 9 Juni 2006 (UTC)
[Änneren] Regierungen
Moie Fliedermaus,
gutt, dass dech dech deem Thema unhëls, dat war iwwerfälleg. Ech kann Der gär eng Hand matt upaken, wann ech deeër Deeg Zäit hunn (loossen dech awer och gär selwer gewäerden, wann s de dat léiwer häss). Eng Propose: Sëtz vläit vun Ufank un, als "Standard", de Link op "Les gouvernements lux de 1848 à nos jours" (op gouvernement.lu), an och, hannert d'Nimm d'Ressorten, déi déi Leit haten (stinn do drann).
--Zinneke 14:38, 16 Juni 2006 (UTC)
Salut Zinneke,
E Monopol a Regierungsfroen hunn ech net. ;-) .Ech géif nëmme virschloen fir iwwer d'Lëscht vun de Lëtzebuerger Regierungen ze fueren fir en neien Artikel ze schreiwen. Et sinn och nach e puer Regierungen (Exilregierung an déi zwou duerno) déi een eventuell misst emdeefen. Un d'Ressorten hat ech och scho geduecht an am Artikel Regierung de la Fontaine kann een déi och einfach hannendru schréiwen. Et ginn awer och eng Rei vu Regierungen wou verschidden Memberen ausgetosch gi sinn oder d'Memberen hunn hir Fonktioune geännert. Et kommen also do och méi Datumen an d'Spill. Et misst ee menger Meenung no kucken fir ëmmer eng ähnlech Presntatioun ze behalen, soss gëtt et oniwwersiechtlech. Also wann's du eng (gutt) Iddi hues wéi een dat ka maachen, ka kanns du roueg dobäimaachen. Fliedermaus 15:19, 16 Juni 2006 (UTC)
[Änneren] Iessen
Halli. Lo kommen ech och mol heihinner klenschen. Wéi ass et mat dem Wiki-Iessen? Kuck der mol um Stamminet d'Diskussioun un a lee däi Pefferkär derbäi. --Cornischong 00:14, 20 Juni 2006 (UTC)
-
- Maja, lo gi mer an déi aktiv Phase: da lass .. alles ënner de Stamminet ... ;-) ~~ (Dëse Saz gouf Iech offréiert vum Myriam) --Cornischong 22:34, 20 Juni 2006 (UTC)
[Änneren] Wat ass dann eng Gare?
"Salut Cornischong! Hues du schon d'Photoen vun der "Gare" vun Nidderpallen gekuckt? ;-) Ass dat Häischen do wierlech eng Gare?"
Salut Fliedermaus. Dat Nidderpallener Haischen hat ech mer schonns e puermol live ugekuckt. Ob dat Haischen do wierklech eng Gare ass: Wann s de op d'Gréisst uspills, da kanns de der mol d' "Gare" vu Kietscht ukucken ( http://www.rail.lu/garekoetschette.html ). Déi gëtt op der ieweschter Foto als "Gare Koetscheid " tituléiert an op deeër drënner geet Rieds vun " ..nach dem Abriss des Stationsgebäudes von Koetscheid ..". Ech loosse mech natierlech gär opklären: Wéini ass dann "eppes wou en Zuch stoe bleift" eng "Statioun", a wéini eng "Gare"?? A vergiess d' "Halt" net! Hautesdaags schéngt et kloer ze sinn. Wann ech gär wéisst ëm watfir "Gare" sech d'CFL këmmert, fannen ech op ( http://www.cfl.lu/CFLInternet/Espaces/01EspaceVoyageurs/02InfosGare/Listedesgares.htm ) d' Garen alleguer. Dorënner och: D'Gare Mamer Lycée, déi ausser engem zum Deel gedeckte Quai an engem Lift mol keen Haischen huet; d'Gare Belval-Rédange, déi haut ausser renovéiert Quaien an e puer Trapen keen Haischen huet; datselwecht op der CFL-Gare zu Däitsch-Oth a Wuelmereng, déi allen zwou aus Quaië bestinn. Ech si scho laang op der Sich no enger Definitoun vun enger Gare, besonnesch nodeems ech Fotoe maache war vun enger gudder Partie "Garen". Du kann s mer dobäi gären hëllefen. E Bléck an d "Luxemburger Wörterbuch" ass natierlech ëmmer intressant. --Cornischong 18:06, 21 Juni 2006 (UTC)
-
- Fir datt mer net al a gro nieft eiser Zuchstopplaz sëtze bleiwen, hunn ech emol den "Trésor de la Langue Française" aus dem Tirang geholl, an eppes fonnt, op dat mer eis eenege kéinten: "Ensemble des installations et bâtiments établis à certains points d'une loigne de chemin de fer, destinés à permettre l'embarquement et/ou le débarquement des voyageurs et/ou des marchandises." Am Kropemann Spezial vum November 1990 "De Jhangeli 1890-19563" schreift d'Alice Michels-Lenger op der Säit 49 am Kapitel "Bahnhöfe und Stationen" :"Dann ging es weiter über die Stationen Nagem, Hostert bis Rambrouch ...", Op der Säit 34 ass Nogem en "Halt" an Hueschtert eng Statioun. Et sinn déi einfach Saachen, déi sou komplizéiert sinn. Mer wäerten och nach op d' "Versécherungspéngel" (DLW) kommen, eng total Abstrusitéit. D'Definitioun vun der Wendeltrap hale mer eis da fir nom Iessen. --Cornischong 09:44, 22 Juni 2006 (UTC)
[Änneren] Wat ass dann eng Gare?
oni laang iwer greisst an längt an d'brét vun den gebeier ze schwëtzen ass et op der Jangelis streck esou dass se alleguer statiounen waaren vun Nërden bis op Marteleng.
op se lo eng gare waren am sënn vun enger richtiger Gare oder nömmen eng Halt durfir misst én an aalen dokumenter vum CFL nokucken.
bescht gréiss Les Meloures 22:54, 23 Juni 2006 (UTC)
-
- Dat huet eis elo nach gefeelt: Wat soll dann elo "eng richteg Gare" sinn? A wat eng Halt? A wie geet dann déi "al Dokumenter" nokucken? --Cornischong 23:01, 23 Juni 2006 (UTC)
[Änneren] Fluch oder Flug
Wann ech mech ka gudd erënneren misst et Flug sinn, mir haten déi Diskussioun schonn, well ech et och net richteg wosst :-) --Alexandra 08:19, 7 Juli 2006 (UTC)
-
-
- " misst et sinn ..." dat hat eréischt ee viru kuerzem hei gezielt, an du krut e vun engem ganz Béise geschriwwen, dat et hei net drëm geet, wéi et misst sinn. :-))
-
Et ass e Fluch iwwer deem Wuert FLUCH. De Fluch n23498738743874; de Fluchhafen; e Fluchblat; e Fluchbilljee. --Cornischong 08:26, 7 Juli 2006 (UTC)
[Änneren] Vëloscoursen
Sali
Du bass jo do gudd amgaange mat de Vëloscoursen. Kanns de just drun denken, ëmmer bei eisen englesche Kollegen den Interwiki-Link op déi Lëtzebuerger Versioun ze setzen ? Datt och all Mënsch matkritt datt et eis gëtt :-) --Briséis → βρισεισ 15:44, 13 Juli 2006 (UTC)
Salut Briséis,
All Artikelen ënnert der Kategorie Vëlossport déi et an der en-Versioun gëtt, missten elo och en lb-Link hunn. Du hues recht, mir mussen eis an der Welt weisen. ;-) Fliedermaus 16:36, 13 Juli 2006 (UTC)
[Änneren] Gebuer / Gestuerw
Richteg gesinn ech huelen daat maar mo Les Meloures 16:39, 4 August 2006 (UTC)
Vëloscoursen. Fir wat net och d'Klassementer vun de Lëtzebuerger derbei setzen ???
Merci fir d'Säit Les Meloures 18:02, 23 August 2006 (UTC)
"an hofftlech bal en Ënn" has de geschriwwen. Et sollt anscheinend net esou sinn, well haut geet den Ausdrock nees eng Kéier illustréiert. An et geet un, datt déiselwecht IP nees mat genee derselwechter Saach ufänkt. --Cornischong 09:15, 25 August 2006 (UTC)
Ok, kee Problem :-) --Alexandra 09:19, 25 August 2006 (UTC)
[Änneren] Template
Gëtt gläich gemeet Les Meloures 14:05, 5 September 2006 (UTC) Ech gesinn kee Feeler am Template. Kanns de mer de Problem mam Link méi däitlech erklären w.e.gelifftLes Meloures 14:10, 5 September 2006 (UTC)
-
- Feeler verbessert lo jauwt en :-) Les Meloures 15:02, 5 September 2006 (UTC)
Ech haat wuel Beim Owens de falsche Knéppchen erwëscht Merci fir d'Korr. Les Meloures 14:39, 6 September 2006 (UTC)
Keng Ursaach. De Merci vun denger Säit ass ganz sympathesch, mä fir esou eng Klengegkeet brauchs du mir awer net "merci" ze soen.--Fliedermaus 14:44, 6 September 2006 (UTC)
Waat haat deen Eppes produzéiert mat senge Vëloscoursen an et war mär och nët op gefall. Duerno huet de Gesell sech och nit méi gemuckst. Et gët awer Komescher doruechter. Les Meloures 11:37, 12 September 2006 (UTC)
[Änneren] D'Relativitéit vun der Vandalejueg"t"
Salut Fliedermaus. Gëscht hues de dech ausgelooss iwwer d'Vendalejueg"t" op der Wikipedia, an haut léiss de d'Vandalen op der Weed lafen. (cf. 193.242.117.19 um 9:35) --Den Tedektif 09:07, 15 September 2006 (UTC)
Salut,
Zum Tedektif an dem Cornichong hire Bemierkungen vun haut:
Gëschter hunn ech mech an engem spezifesche Fall zur Wuert gemëllt, wëll en neie User (de Mucko) gespaart ginn ass, dee konstruktiv un engem Artikel geschafft huet, an deem seng Ännerungen awer (duerch en Tippfeeler?) als Vandalismus ugesi gi sinn. Wëll hei nach eng Rei Leit gebraucht ginn wollt ech net dat een direkt d'Flëmm agedriwwe krit. Et ka jo sinn dat meng Bemierkungen e bëssi dozou bäigedroen hunn datt de Mucko relativ séier erëm déblockéiert ginn ass an esou schon e puer gutt Kontributioune maache konnt.
Vandalejeeër sinn ech net méi an net manner wéi aner Useren déi hei matschaffen och. Wann ech esou Quatsch gesinn wei den ...117.19 schriwwen huet, maachen ech deen zwar eweg, mä ech sinn awer net permanent amgangen d'Konribtiuonen op Vadalismus z'ënnersichen.
--Fliedermaus 11:58, 15 September 2006 (UTC)
[Änneren] De Sklavendréiwer
Salut. Heiansdo geet d'Ënner-, Niewe-, Hanner- oder d'Onbewosstsinn mat engem duerch; dat ass och mënschlech. Liesen ech do richteg "Sklavendréiwer"? (am Libellé vun 13:35). --Cornischong 13:16, 21 September 2006 (UTC)
Salut,
Do stung effektiv "Sklavendréiwer" an deem Libellé an et war awer och nach e Smilie hannendrunn fir däitlech ze maachen dat et als Witz gemengt war. Et war nämlech eng Uspillung op eng Ausso vun dir vum (9.?) Mee 2006: Ech komme mir heinsdo fir ewéi e Sklavendréiwer. (Ech hoffen datt d'Zitat richteg ass, wëll ech hunn et net méi erëmfond.) Iwwer mäin Ënner-, Niewe-, Hanner- oder d'Onbewosstsinn brauchs du dir also keng Suergen ze maachen.--Fliedermaus 14:09, 21 September 2006 (UTC)
[Änneren] Tun Deutsch
Kuck emol do : Tun Deutsch Les Meloures 16:23, 21 September 2006 (UTC)
Hei steet zwar net wat an d'Kategorie "Virlagen" erakent, mä ech huelen un dat déi Artikelen iwwer d'Fotogafie net heihinner gehéieren (auuser den Template:Serie Fotografie). --Fliedermaus 10:50, 22 September 2006 (UTC)
Du hues Recht ech hun daat och gemierkt daat ass ee Probleem mat dem Template u sech de mecht sech automatesch eng Category sou wou den Template Homonymie ader Skizz an en iwwerhëllt se mat an déi Säiten wou en drop steet an automatesch gin déi mat an d'Virlagen iwwerholl. Mee do gët et bestëmmt een Trick fir daat ze vemeiden hun daat nach just nët eraus fonnt Nilrom 11:08, 22 September 2006 (UTC)
Kuck do :http://lb.wikipedia.org/wiki/Talk:Gemengerot Les Meloures 15:35, 5 Oktober 2006 (UTC)
[Änneren] Tennis
Salut. Su bass jo de Sportmann hei: Ech krut dat FLT-Material geschéckt, an hunn et emol eragesat; et kënnt nach eng Lëscht mat de beschte Spiller no (d'Alexandra ass nach amgaangen, déi an eng Form ze bréngen). Merci fir e puermol mat der Raquette driwwer ze fueren. --Cornischong 07:57, 11 Oktober 2006 (UTC)
-
- OK, ech schaffen do e bëssi mat. --Fliedermaus 08:55, 11 Oktober 2006 (UTC)
[Änneren] Milano - Sanremo
Salut,
Hast de eng bestëmmten Ursach fir Sanremo ze schreiwen amplaz San Remo Les Meloures 15:33, 29 November 2006 (UTC)
-
- D'Fro huet sech erriwwregt, d'Stroossekarte si falsch Les Meloures 15:46, 29 November 2006 (UTC)
Gudde Moien. Du hues Recht; ech hat mech mat de Gänseféisercher vertrëppelt. Fotoe vum Mann sinn an der Maach. --Cornischong 09:27, 30 November 2006 (UTC)
[Änneren] Staatsrot
Pefferkär ass do :-) --βρισεισDisk 14:24, 14 Dezember 2006 (UTC)
Bei Mémoire du Cyclisme steet dass d'Klassementer vum Coups de Pédales Hors série 12 sinn. Et ass dat Buch wat ech och hunn. Ech ging gären behaapten, datt bei Coups de Pédales zimmlech alles stëmmt.
- Dat sollt kee Virworf sinn. All Hëllef ass wëllkomm. Et war meng Schold, ech hätt sollen de Schantjen drasetzen. Les Meloures 18:12, 19 Dezember 2006 (UTC)
Halli. Lo kéinte mer sou lues verrroden, datt den Johny sengem Papp säi Jong war. --Cornischong 09:14, 21 Dezember 2006 (UTC)
Lo hunn ech den "David Reimen" nees aus der Lued gefëscht. De Pecalux hat natierlech absolut Recht. Wat huet esou eppes hei verluer? Kann ech et dann elo nees begruewen? --Cornischong 16:18, 3 Januar 2007 (UTC)
-
-
- Entschëlleg: Do war ech e bësse presséiert, an ech hu mech op de Pecalux verlooss. Gutt, datt s du dat matkritt has. --Cornischong 16:30, 3 Januar 2007 (UTC)
-
[Änneren] Ofkierzung an Eenheetenzeechen vun der Minutt
Salut. Den "Mn" ass d'Ofkierzung vu Mangan. Déi vun der Minutt ass "Min." zielt mer den DUDEN Rechtschreibung. --Cornischong 16:30, 4 Januar 2007 (UTC)
-
-
- D'Zeeche fir Minutt ass "min"; "Mi|nu|te, die; -, -n (1/60 Stunde; Zeichen min, Abk. Min.; Geom. 1/60 Grad; Zeichen ') " --Cornischong 16:34, 4 Januar 2007 (UTC)
-
Beim B.I.P.M., steet och d'Eenheetenzeechen "min" fir d'Minutt (Zäit) wéi se an der Physik gebraucht gëtt. An engem Artikel iwwert e Film kann een effektiv roueg d'Ofkierzung "Min." bäibehalen.--Fliedermaus 17:55, 4 Januar 2007 (UTC)
Salut. An dësen Deeg ass et quokelech mat Ironie ze schaffen. :-))) --Cornischong 14:12, 9 Januar 2007 (UTC)
[Änneren] Tëntesmillen
Déi do ass gutt:
Ech hat elo d'Chance well ech d'Säit emmer direkt op an zougemaach hunn konnt ech iwwer de Récklaf verfollegen wat geschitt ass. Sou wäi wéi ech konnt feststellen ass se souguer verschwonnen no dem Zoumaache vun der Aarbecht nëmme just an enger Sektioun a mol net um ganze Blad. Déi do ass gutt. Ech kucken elo nach eng Kéier no wéi dat gaangen ass. Op jiddfer Fall hunn ech de Link net geläscht well ech war ni bis ënnen op d'Säit. Et ass schonns komesch. Les Meloures 16:47, 23 Januar 2007 (UTC)
[Änneren] Buergermeeschteren
Jo salut du hues Recht. Et sinn einfach Templaten do brauch en dat nëmme just wann en den Numm asetzt ewechzeloossen. Ech hunn déi ganz Aktion am Copi Paste geschafft an d'D'Kalmere fir d'Pareie mat dra gesat. Wann et eng Majortz gemeng ass kann en dat einfach ewech lossen.
Ob jiddwer fall huet en elo Zäit fir dat no an no an d'Rei ze setzen a bei den nächste Walen brauch en dann nët méi all Duerf nozelafen. De Renn Les Meloures 11:05, 6 Februar 2007 (UTC)
[Änneren] Frz Kalenner gëtt et schonn!
Iers De virufiers: Et gëtt schonns en Artikel iwwert de Franséische_Revolutiounskalenner. Zinneke.
Gudde Moien,
E gouf schonns als Redirect gemaach well et ginn op mannst fofzeg Linken drop Les Meloures 16:44, 12 Februar 2007 (UTC)
Buergermeschteren
Salut, hunn op menger Diskussiounssäit gepotert. Les Meloures 09:49, 14 Februar 2007 (UTC)
Salut,
Mach mer eng Mail mat dengem Telefon da mellen ech mech bei der Les Meloures 11:11, 14 Februar 2007 (UTC)
-
- Moien
-
- ennert/ënnert
-
- den DFL seet ënnert. Hues du aner Ënnerlagen an aneren Dicoen alles ass méiglech bei deenen. Les Meloures 11:15, 14 Februar 2007 (UTC)
[Änneren] Den Olaf
Salut a Merci. Ech gesinn; méi wéi een Artikel am Dag gëtt awer e bësse vill. Ech wäert mech beherrschen. --Cornischong 17:36, 20 Mäerz 2007 (UTC)
-
- Salut
Ech hun do geäntwert User talk:Les Meloures
[Änneren] Vun uewen no ënnen an ëmgedréit
- Resalut Kuck der dat do mol w.e.g. un An sou engem Tableau ka jidderee sënner wéi e wëllt
Joer | Numm | Nationalitéit |
---|---|---|
1933 | Max Bulla | ![]() |
1934 | Ludwig Geyer | ![]() |
1935 | Gaspard Rinaldi | ![]() |
1936 | Henri Garnier | ![]() |
1937 | Karl Litschi | ![]() |
1938 | Giovanni Valetti | ![]() |
1939 | Robert Zimmermann | ![]() |
1941 | Josef Wagner | ![]() |
1942 | Ferdi Kübler | ![]() |
1946 | Gino Bartali | ![]() |
1947 | Gino Bartali | ![]() |
1948 | Ferdi Kübler | ![]() |
1949 | Gottfried Weilenmann | ![]() |
1950 | Hugo Koblet | ![]() |
1951 | Ferdi Kübler | ![]() |
1952 | Pasquale Fornara | ![]() |
1953 | Hugo Koblet | ![]() |
1954 | Pasquale Fornara | ![]() |
1955 | Hugo Koblet | ![]() |
1956 | Rolf Graf | ![]() |
1957 | Pasquale Fornara | ![]() |
1958 | Pasquale Fornara | ![]() |
1959 | Hennes Junkermann | ![]() |
1960 | Freddy Rüegg | ![]() |
1961 | Attilio Moresi | ![]() |
1962 | Hennes Junkermann | ![]() |
1963 | Giuseppe Fezzardi | ![]() |
1964 | Rolf Maurer | ![]() |
1965 | Franco Bitossi | ![]() |
1966 | Ambrosio Portalupi | ![]() |
1967 | Gianni Motta | ![]() |
1968 | Louis Pfenniger | ![]() |
1969 | Vittorio Adorni | ![]() |
1970 | Roberto Poggiali | ![]() |
1971 | Georges Pintens | ![]() |
1972 | Louis Pfenniger | ![]() |
1973 | José-Manuel Fuente | ![]() |
1974 | Eddy Merckx | ![]() |
1975 | Roger de Vlaeminck | ![]() |
1976 | Hennie Kuiper | ![]() |
1977 | Michel Pollentier | ![]() |
1978 | Paul Wellens | ![]() |
1979 | Wilfried Wesemael | ![]() |
1980 | Mario Beccia | ![]() |
1981 | Beat Breu | ![]() |
1982 | Giuseppe Saronni | ![]() |
1983 | Sean Kelly | ![]() |
1984 | Urs Zimmermann | ![]() |
1985 | Phil Anderson | ![]() |
1986 | Andy Hampsten | ![]() |
1987 | Andy Hampsten | ![]() |
1988 | Helmut Wechselberger | ![]() |
1989 | Beat Breu | ![]() |
1990 | Sean Kelly | ![]() |
1991 | Luc Roosen | ![]() |
1992 | Giorgio Furlan | ![]() |
1993 | Marco Saligari | ![]() |
1994 | Pascal Richard | ![]() |
1995 | Pawel Tonkow | ![]() |
1996 | Peter Luttenberger | ![]() |
1997 | Christophe Agnolutto | ![]() |
1998 | Stefano Garzelli | ![]() |
1999 | Francesco Casagrande | ![]() |
2000 | Oskar Camenzind | ![]() |
2001 | Lance Armstrong | ![]() |
2002 | Alex Zülle | ![]() |
2003 | Alexander Winokurow | ![]() |
2004 | Jan Ullrich | ![]() |
2005 | Aitor González Jiménez | ![]() |
2006 | Jan Ullrich | ![]() |
Ma dat ass et. Da misst jo jidderee befriddegt sinn. --Cornischong 13:14, 11 Abrëll 2007 (UTC)
-
- Dat mat deem interaktiven Tableau ass prinzipiell eng gutt Saach. Et bréicht een nëmmen nach eng Léisung bei esou Courseën wéi der Deutschland-Tour, wou den Numm vun der Course eng Rei Kéieren geännert huet. Et kéint een duerfir d'Entwécklung vum Numm vun der Course vum Gewënnertableau trennen, wat u sech awer kee Problem wier.--Fliedermaus 13:51, 11 Abrëll 2007 (UTC)