François Terrasson
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De François Terrasson, gebuer den 3. Juli 1939 zu Saint-Bonnet-Tronçais am Allier a gestuerwen den 2. Januar 2006, ass e franséischen Auteur an Naturalist.
De François Rerrasson war och Fuerscher, a wéi hien 1967 an de Muséum national d'histoire naturelle koum, huet hie sech besonnesch vir d'Relatiounen, déi de Mënsch mat der Natur huet, interesséiert.
Hie war och Grënnungsmember vun de Journalistes-écrivains pour la Nature et l'Écologie (JNE).
[Änneren] Wierker
- La Peur de la Nature, 1988, Ed. Sang de la terre
- La Civilisation anti-nature, 1994, Ed. du Rocher
- En finir avec la nature, 2002, Ed. du Rocher