Gauß (Moosseenheet)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Gauß (An der Schwäiz oder am angelsächsesche Sproochraum och Gauss, Ofkierzung G) ass d'Moosseenheet fir d'magnéitesch Fléissdicht B am Gauß CGS-System. Si ass benannt no dem Carl Friedrich Gauß.
D'Moosseenheet Gauß gëtt nach haut an der Astrophysik gebraucht. Déi aktuell benotzten SI-Eenheet heescht Tesla. D'Ëmrechnung ass 1 Gauß = 1*10-4 Tesla.