Georges Eugène Haussmann
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Georges Eugène Haussmann, gebuer de 27. Mäerz 1809, a gestuerwen den 11. Januar 1891, och nach Barong Haussmann genannt war Prefekt vun der Seine, vum 23. Juni 1853 bis de 5. Januar 1870. An deeër Fonktioun huet hien d’Tranformatioune vu Paräis am Second Empire dirigéiert an ee grousse Renovatiounsplang ausgeschafft.
Hie gouf am Quartier Beaujon gebuer. Säi Grousspapp war Deputéierten a säi Papp Militärintendant beim Napoléon I..
Hie seng Schoul am Kolléisch Henri-IV an am Lycée Condorcet zu Paräis gemaach, an huet duerno e Jurastudium ugefaangen, goung awer gläichzäiteg an de Museksconservatoire.
No sengem Studium gouf hie Sous-préfet zu Nérac, duerno Prefekt am Departement du Var am Joer 1849, an 1850 am Departement Yonne.
Nodeems den Inneminister Victor de Persigny hien dem Napoléon III. vigestallt hat, gouf hien 1853 Prefekt vu Paräis, als Nofolger vum Jean-Jacques Berger a vum Rambuteau.