Grindelwald
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu der Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Grindelwald ass eng Uertschaft am Berner Oberland an der Schwäiz. Si läit um Fouss vum Eiger an ass bekannt duerch hir Wantersport-Méiglechkeeten.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Grindelwald läit wäit verstreet an engem Dallkessel, deem vun der Schwarzen Lütschine tëschent Eiger, Wetterhorn, Fiescherwand a Faulhorn. Seng Gletscher, den Ënneschten - an den Ieweschte Grindelwaldgletscher, déi vun eppes 1590 - 1880 bis virun d'Duerf erukoumen an déi der Uertschaft den Numm Gletscherduerf ginn hunn, gi gäre besicht.
D'Uertschaft lieft besonnesch vum Tourismus. Am Wanter vun de Schifuerer, am Summer vun den Touristen, déi wanderen a spadséiere ginn, an d'Méiglechkeeten notzen, fir déi schéi Landschafte mat den dräi Monsterbierger: Eiger, Mönch a Jungfrau bewonneren ze kënnen. De Friemeverkéier huet eng laang Traditioun. Schonns fréi ass versicht ginn, de Gäscht d'Bierger méi no ze bréngen. Am Zesummenhank mam Wetterhorn, ee vun de Symbole vu Grindelwald, sollt drunn erënnert ginn, dat hei ganz fréi e Lift gebaut gouf. An déi Einheimesch sinn houfreg, fir drunn z'erënneren, datt de Wetterhorn-"Lift" déi eelste Seelbunn vun der Welt war.
[Änneren] Kuckeswäertes
- Mat der Gondelbunn op de Männlichen
- Mam Sesslilift op de First
- Mat der Biergbunn op d'Kleine Scheidegg
- Mat dem Bus op d'Grosse Scheidegg
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Wetterhorn
- Eiger
- Kleine Scheidegg
[Änneren] Um Spaweck
- Fotoen vum Eiger
- Schwäizer Schigebidder
- Offiziell Säit vu Grindelwald
- Offiziell Säit vu Wengen a Mürren
- Offiziell Säit vun der Wengernalpbahn
- Offiziell Säit vun der Jungfraubahn
Beatenberg | Bönigen | Brienz | Brienzwiler | Därligen | Grindelwald | Gsteigwiler | Gündlischwand | Habkern | Hofstetten bei Brienz | Interlaken | Iseltwald | Lauterbrunnen | Leissigen | Lütschental | Matten bei Interlaken | Niederried bei Interlaken | Oberried am Brienzersee | Ringgenberg | Saxeten | Schwanden bei Brienz | Unterseen | Wilderswil
Kanton Bern | Distrikt Interlaken | Gemenge vum Kanton Bern