Heribert vu Laon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Heribert (oder C(h)aribert) vu Laon war Grof vu Laon an huet an der éischter Halschent vum 8. Joerhonnert gelieft. Hie war de Jong vun der Bertrada der Eelerer (den Numm vu sengem Papp ass net geséchert iwwerliwwert), der Duechter vum (Palzgrof) Hugobert an der Irmina vun Oeren. Well seng Mamm 721 d'Stëfterin vun der Abtei Prüm war, gouf hie Matstëfter.
Seng Duechter war d'Bertrada déi Jénger, d'Fra vum Pippin dem Jéngeren, dem fränkeschen Hausmeier a spéidere Kinnek. Den Heribert vu Laon ass deemno de Grousspapp vun der Mamm hirer Säit vum Karl de Groussen.