Hikitsuchi Michio
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Hikitsuchi Michio Senseï (*1923 - † 2. Februar 2004) war ee Meeschter vum Aikido am 20. Joerhonnert.
Hien huet sech zënter sengem néngte Liewesjoer mat Art martial beschäftegt. Mat 14 Joer begéint hie fir d'éischt den O Sensei Morihei Ueshiba, de Grënner vum Aikido, an e war 40 Joer séi Schüler.
Hien huet als Eenzegen vun deem senge Schüler 1969 e puer Méint virum Doud vum Morihei Ueshiba vun deem perséinlich den 10. Dan kritt. Zugläich krut en d'schrëftlech Erlabnes fir den Ëmgang mam laange Knëppel (Masakatsu Bo-Jutsu) a mam Schwäert (Sho Chiku Bai No Ken) ze léieren.
Den Hikitsuchi Michio huet zu Shingu, enger klenger Stad an der japanescher Prefektur Wakayama, gelieft.
Seng Léier gëtt an Europa ënner anerem vu sengem laangjärege Schüler Gérard Blaize weiderginn.