Hipparcos-Katalog
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Hipparcos-Katalog ass en héich präzisen Stärekatalog, gemooss duerch den Astrometriesatellit Hipparcos (aktiv 1989–1993). D’Missioun huet mat der Publikatioun vun de Miessresultater 1997 e spronghafte Fortschrëtt an der Astrometrie gemaach:
Dee bis dohin als Grondlag fir genee Stäre-Koordinaten (Stäreplaze) am Gebrauch stoenden Fundamentalkatalog FK5 mat 1500 Stären gouf ronn 50-mol méi genee. Am Joer 2000 gouf d’Koordinatensystem nach eng Kéier verfeinert (3300 Stären vum FK6), sou datt d’Miessungen vum HIPPARCOS iwwer de ganzen Himmel homogen ausgewert konnt ginn.
De Satellit konnt Stäreplazen, Parallaxen an Eegebewegungen vun 118.000 Stären mat enger virdrun ni erreechten Präzisioun vun ronn 0,003" oder 0,002"/Joer vermiessen. Doriwwer eraus scannt en zweet Instrument u Bord iwwer 1 Millioun Stären mat ëmmer nach uechtbaren ±0,02" Tycho-Katalog.
Dës béid Kataloge sinn déi beschte Realisatioun vum neien Referenzkoordinatensystem um Himmel International Celestial Reference Frame (ICRF). Si erlaben elo Berufs- an Hobby-Astronomen, all Himmelsobjeeten mat Teleskop an Digitalkamera genee an halbautomatesch anzemiessen.