Ibrahim Ferrer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Ibrahim Ferrer (* 20. Februar 1927 zu San Luís, op Kuba, + 6. August 2005 zu La Habana) war e kubanesche Sänger.
Den Ibrahim Ferrer huet fréi missen op eegene Féisse stoen: Säi Papp ass gestuerwen, wéi en 9, seng Mamm, wéi en 12 Joer al war. Hien huet sech mat klengen Jobben a mat Sangen duerch d'Liewe geschloen.
Hien war Member vu verschiddene Gruppen, ir en dem Orquesta Chepin-Choven bäigetratt ass, deemools deem bekannsten Ensembel vu Santiago. Enn vun den 1950er Joren ass hien op La Habana gaang, wou en de Rassismus ënnert dem Batista- Regime ze spire kritt huet.
Hie gouf do Member vum Orquesta Ritmo oriental vum Benny Moré. Dono war en a verschiddenen Ensembelen. Am längsten, 34 Joer laang, bei Los Bocucos vum Pacho Alonso. Bei deene villen Opnamen, bei deenen e matgemaach huet, gouf awer ni säin Numm "creditéiert". An den 1980er Joren huet den Ibrahim Ferrer, verbattert, seng Pensioun geholl.
Eng 2. Carrière an déi verdingten Unerkennung waren him vergënnt nom Succès vum Wim Wenders sengem Film Buena Vista Social Club (1999), deen 2 Joer nom Album mam nämlechten Numm erauskoum, a vum Ry Cooder opgeholl gi war. Hien ass duerch Nordamerika an Europa op Tournée gaangen, an huet och nach nei Alben opgeholl, dorënner Buena Vista Social Club presents Ibrahim Ferrer (1999) a Buenos Hermanos (2003).
Hien ass am Alter vun 78 Joer zu Havanna gestuerwen.
[Änneren] Diskografie
- 1999 – Buena Vista Social Club Presents: Ibrahim Ferrer
- 2000 - Tierra Caliente: Roots of Buena Vista
- 2002 - Mis Tiempos Con Chepín
- 2002 - La Collección Cubana
- 2002 - Tiempos Con Chepín y Su Orquesta
- 2003 - Buenos Hermanos
- 2004 - Que Bueno Está
- 2005 - Ay, Candela