Ida Faber-Hoesdorff
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Madame Ida Faber-Hoesdorff gebuer zu Déifferdeng, den 28. Dezember 1908, gestuerwen am Blannenheem zu Bierschbech den 17. November 1998 war eng Molerin. Si huet am Lycée vun Esch stodéiert. Aus Gesondheetsgrënn geet se duerno no Baaschtnech (Bastogne). Do krut se Privatcoursen an Zeechnen a Molerei. Mee si wor haaptsächlech Autodidaktin. Spéider huet se Coursen bei der "Ecole ABC" vu Paräis a Privatcoursen beim Professer Virgile Ghinea (vun der Université Paris 8) geholl. Den 31. März 1934 gouf si mam Schoulmeeschter Faber bestued. Se krut 2 Kanner. Si huet zu Beggen gewunnt.
Vu figurative Biller geet si iwwer stiliséiert op abstrakt Konscht. Si huet och Ikonen op Holz gemoolt.