Jacques de Flesselles
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jacques de Flesselles (*1721; †14. Juli 1789 zu Paräis) war e franséischen Administrateur.
Intendant zu Moulins, spéider zu Rennes an zu Lyon, gouf de Jacques de Flesselles zum Nofolger vum Le Peletier als Prévôt des marchands den 21. Abrëll 1789 op Paräis geruff. De 27. Mee 1789 hunn d'Wieler vun den dräi Stänn verlaangt, an den Hôtel de Ville kënnen ze kommen, fir un der Gestioun vun der Stad deelzehuelen. Dëst gouf vum Jacques de Flesselles als illegal ugesinn, a refuséiert; ënnerstëtzt gouf hien dobäi vum Ministär vum Jacques Necker. De 25. Juni 1789 hunn déi dräi Stänn hir Fuerderung widerholl, an ënnert dem ëffentlechen Drock huet de Jacques de Flesselles erlaabt, datt sech 12 Wieler der Municipalitéit uschléisse konnten. Bei der éischter Sessioun vun dëser « Assemblée générale » den 13. Juli 1789 gouf de Jacques de Flesselles zum President gewielt. Ënnert dem Drock vun de Leit huet hien d'Kreatioun vun enger Garde civique missen zouloossen, an huet verkënnegt datt 12.000 Gewirer vu Charleville ënnerwee wire fir dës Trupp.
De 14. Juli 1789 ass de Stuerm op d'Bastille lassgaangen, an den opstännege Comité dee sech am Palais-Royal néiergelooss hat, huet den Delegéierte bei den Hôtel de Ville geschéckt, fir Waffe sichen ze goen. Wéi den Delegéierte keng Waffe konnt fannen, huet hien de Jacques de Flesselles beschëllegt, op der Säit vum Haff ze stoen. De Jacques de Flesselles gouf an de Palais-Royal geruff, fir sech ze rechtfertegen, mee gouf um Wee dohinner erschoss. Hie gouf dekapitéiert, a säi Kapp gouf duerch d'Stroosse spazéiere gefouert.