James Dunlop
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De James Dunlop ass gebuer den 31. Oktober 1793 zu Dalry, Schottland a gestuerwen den 22. September 1848 zu Boora Boora, Australien. Hie war en a Schottland gebuerenen Astronom, dee spéider an Australien täteg war.
Den Dunlop, deen am Ufank an enger mechanescher Fabrik geschafft huet, fabrizéiert vun 1810 un Teleskope.
Nodeem hien 1820 d’Bekanntschaft mat dem Sir Thomas Brisbane gemaach huet, huet hien ugefaangen sech ëmmer méi fir Astronomie ze interesséieren. Am Joer 1821 gouf hien Assistent vum Carl Rümker am neien Observatoire vun Parramatta an New South Wales.
Vun 1827 bis 1831 schafft hien um privaten Brisbanes-Observatoire zu Roxburgh (Schottland).
Am Joer 1831 ass hien Direkter vum Observatoire vu Parramatta ginn, wou hien bis 1847 geschafft huet.
Den Dunlop verëffentlecht e Katalog mat 7835 Duebelstären am Joer 1826, souwéi e Katalog mat 629 nei entdeckten niwwelege Objeten (1828), kuckt Dunlop-Katalog.
Fir seng Leeschtungen gouf hien 1828 mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.