Jan Pieter Minckeleers
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jan Pieter Minckeleers oder och Minckelers, gebuer den 2. Dezember 1748 zu Maastricht, a gestuerwen de 4. Juli 1824 och do, war en hollännesche Wëssenschaftler an Erfinder.
Hien huet de Stad- bzw. Liichtgas entdeckt.
De Minckeleers, den op der Universitéit zu Léiwen geschafft huet, huet iwwer sengen Aarbechten entdeckt, daat wann e Steekuelen erhëtzt ouni datt Sauerstoff drukënnt, dës e Gas fräiginn dee méi liicht wéi d'Loft ass. En huet dat fir d'éischt 1784 an enger Publikatioun beschriwwen.
Dëse Gas gouf am Ufank gebraucht fir Gasballongen ze fëllen. Méi spéit gouf en awer haaptsächlech gebraucht fir ze liichten.
Eng Statue vum Minckeleers steet zu Maastricht an der Boschstraat.