Jang Kuffer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jang Kuffer, gebuer..., gestuerw..., war Weltmeeschter am Zweeërbob. Weltmeeschter gouf hien 1939 op der Weltmeeschterschaft zu Sankt Moritz an der Schwäiz, zesumme matt dem Belschen Baron René Lunden um Steier. Dëst ass eng eegenaarteg Geschicht, wéi de Sportsjournalist Pilo Fonck an den Georges Klepper vun den Archiven vum Lëtzebuerger Sportsministère der Wikipedia konfiméiert hunn. Ursprënglech sollten zwou Lëtzebuerger Equippen untrieden:
- Henri Koch-Henri Reding an
- Jean Kuffer-Jules Michels
Well iewer an all lëtzebuergesch Equipe een duerch Blessuren oder Krankheet ausgefall war, an och dem Baron René Lund säi Coéquipier blesséiert war, ass de Jang Kuffer a leschter Minutt agesprongen a mam Baron Lund un de Start gaangen. A si sinn du Weltmeeschter ginn. Dat erklärt och datt de Coéquipier vum Baron Lunden meeschtens mat engem falschen Numm an den Medaillen-Archiven ugi gëtt an d'Goldmedail als Goldmedail fir d'Belsch enregistréiert ass.
[Änneren] Literatur
- Léon N. Nilles: Ein Luxemburger Weltmeister im Bob, in: Lëtzebuerger Journal. - Jg. 45(1992), Nr. 20(30. Januar), p. 7, ill
- Pierre Kellner: Beitrag iwwert d'Bob-Weltmeeschterschaften vun 1939 am Bob, An Nouvelles Sportives, rausginn vum Pier Kellner, 13.Februar 1939,