Jean-Bernard Knepper
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean-Bernard Knepper gebuer 1638, a gestuerwen de 14. November 1698, Lëtzebuerger Affekot an Notaire, war vun 1693-1698 Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
Hie war de Jong vum Dominique Knepper, dee sech den 9. Januar 1646 an d'Biergerregëster androe gelooss hat. Aus wat fir enger Par d'Famill Knepper komm ass, gouf net notéiert. De Jean-Bernard Knepper gouf vu sengem Papp op d'Universitéit vun Dôle geschéckt, fir Droit ze studéieren a krut seng Patente den 23. Mee 1660 virum Conseil vu Lëtzebuerg.
1661 huet hie sech mat der Anna-Marguerite Trippel, Duechter vun engem Schäffe vun Thionville, bestued. D'A.-M. Trippel hat sech zu Tréier néiergelooss.
1687 huet hie vu sech schwätze gedoen, wéi hien de Louis XIV. gefrot huet, Pätter vu sengem Jong ze ginn. De Louis war d'accord an de klenge Bouf gouf och op den Numm Louis gedeeft.
Während der spuenescher Restauration am Joer 1698 krut hie seng Charge als Buergermeeschter nees oferkannt.