José Martí
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
José Julián Martí y Pérez (* 28. Januar 1853 zu Havanna op Kuba; † 19. Mee 1895 zu Dos Ríos op Kuba) gëllt als kubanesche Nationaldichter a Symbol fir d'Onofhängegkeetsstriewen vu sengem Land. Zu deeër Zäit war Kuba eng spuenesch Kolonie.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
De José Martí war dat eelste vu den aacht Kanner vum Mariano Marti an der Leonor Perez Cabrera. Wéi de jonke José 4 Joer hat, ass seng Familljen op Valencia a Spuenien geplënnert. Mee schonn zwee Joer drop sinn s'erëm op hir Heemechtsinsel zréckgaang.
1869 huet hien seng éischte politesch Texte geschriwwen, e patriotescht Gedicht Abdala. Wéi di spuenesch Autoritéiten d'Schoul zougemaach hunn an domat dem Martí seng Studien ënnerbrach hunn, krut hie matt, wat et heescht vun aner Länner ënnerdréckt ze ginn.
Am Oktober 1869 gouf hie festgeholl, krut vun der spuenescher Regierung Landesverrot virgehäit a gouf am Alter vu 16 Joer zu 6 Joer Prisong veruurteelt. No enger Zäit hat de Martí béis Problemer mat senge Been, d'Ketten, mat deenen hien ugestréckt war haten sech agescnidden an de Prisonnéier koum op eng Prisongsinsel, déi Kuba virgelagert war, d' Isla de Pinos. Kuerz drop gouf hien a Spuenien rapatriéiert, wou hien Droit studéiert huet. No enger Kuerzer Iwwergaangszäit a Frankräich ass en 1877 heemlech op Kuba zréckgaang, wou hien awer als Illegalen keng Aarbecht krut. Nodeems hien eppes iwwert e Joer am Guatemala als Geschichts- a Literaturprofesser geschafft hat, ass en 1880 op New York gaang.
Vun do aus huet hien a Florida d'Exilkubaner mobiliséiert fir eng Revolutioun géint d'Spuenier an déiselwecht Zäit huet en eng Lobby opgebaut géint eng méiglech US-amerikanesch Anexioun vu Kuba, eng Iddi déi munneche Politiker net friem war.
1884 wollt hien op Kuba reesen, mee hie gouf a Florida ofgefaang. De 25. Mäerz 1885 huet e säi Manifest vu Montecristierausginn an deem hien d'Onofhängechkeet vu Kuba proklaméiert. Den 11. Abrëll 1895 land hien op Kuba mat enger arméierter Grupp vun Exilkubaner. E Monunt Méi spéit, den 19. Mee gouf en an der Provënz Oriente am Kampf géint spuenesch Truppen erschoss.
De Martí läit um Cementerio Santa Efigenia Kierfecht zu Santiago de Cuba begruewen.
Kuerz no sengem Doud ass de Spuenesch - Amerikanesche Krich ugaang.
[Änneren] Dem Martí säi politëscht Denken
[Änneren] Säi publizistescht Wierk
[Änneren] Literatur
[Änneren] Wierker
- Gonzalo de Questa y Miranda (Erausg.): Obras Completas La Habana, Editorial Trópico, 1936-1949, 70 Bänn (dës Editioun ass allerdéngs net komplett, et fehlen nach vill Artikelen aus südamerikaneschen Zeitungen).
- Philip S. Foner (Erausg.): Inside the Monster by José Martí. Writings on the United States and American Imperialism Monthly Review Press, New York a London, 1975
[Änneren] Iwwer de Martí
- Ottmar Ette: José Martí. Teil I: Apostel, Dichter, Revolutionaär. Eine Geshcichte seiner Rezeption., 1991, 457 Säiten, Max Niemeyer Verlag, ISBN 3-484-55010-4
[Änneren] Nach eppes
Ee vun dem José Martí senge Gedichter aus de Versos Sencillos ("einfach Versen") gouf spéider vertount a weltberühmt, Guantanamera.