Kaplan-Turbin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Kaplan-Turbin ass eng Turbin fir Stroum ze produzéieren. Si gouf 1913 vum éisträicheschen Ingenieur Viktor Kaplan entwéckelt.
Dës Turbin ass besonnesch efficace bei Stauwierker op Flëss déi vill Waasser féieren a wou d'Gefäll net brauch ganz héich ze sinn.
Vertikal agebaute Kaplan-Turbinne gi bei Kraaftwierker op Flëss bis Falhéichte vu 65 Meter agesat.D'Lafrad vun sou enger Turbin gläicht enger Schëffsschrauw. D'Schaufele vun der Turbin si verstellbar a kënnen durch Servostéierung verstallt ginn, an esou der Quantitéit an dem Drock vum Waasser ugepasst ginn, fir ëmmer e maximale Rendement ze hunn.
Am Agank vun der Turbin ass e Leetwierk dat och verstellbar Lamellen huet. Dëst hëlleft datt d'Waasser ëmmer paralell zur Turbinnenachs op d'Schaufelen trëfft.
Kaplan-Turbinne gi mat dräi bis sechs Lafradschëppe gebaut. Grouss Kaplan-Turbinne gi meeschtens vertikal agebaut, sou datt d'Waasser vun uewen no ënnen derduerch leeft.
Kaplan-Turbinnen dréine ganz séier an hunn e Wirkungsgrad bis zu 95%.