Kardinol Sin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel zum Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Kardinol Jaime Sin, * 31. August 1928, † 21. Juni 2005, war e philippineschen réimesch-kathoulesche Kardinol, deen net nëmme fir seng grouss Religiositéit bekannt war, mä deen och e grousse politeschen Afloss a sengem Land ausgeübt huet.
Hien hat e chinesechen Papp a gouf gebuer als dat 7. vu 16 Kanner. Hie war Äerzbëschof vu Manila a krut vum Poopst Paul VI. de Kardinols-Hutt. Gläichzäiteg war hien de Primus vun de philippinesche Bëscheef. Hie war am Fong den 1. Äerzbeschof, deen am Land selwer gebuer war. Virun him waren et spuenesch , amerikanesch oder iresch Bëscheef, déi op de Philippinen Bëschofsfunktiounen ausgeübt hunn.
De Kardinol Sin war ee vun den zwéi Kardineel, déi aus Krankheetsgrënn nimméi konnt um Konclav bei der Wiel vum Benoît XVI. zum Poopst derbäi sinn. Geschwënn drop, den 21. Juni 2005, ass hien gestuerwen, duerch Nierenversoen, grad wéi de Poopst Jean-Paul II.
[Änneren] Säin Afloss op d'Politik
De Kardinol Sin huet ni seng Iwwerzeegung verheemlecht, datt d'Kierch e politeschen Afloss misst ausüben. Hie war äusserst kritesch géintiwwer dem President Ferdinand Marcos a senger Fra, der First Lady Imelda Marcos. Hien huet d'Gewalt, déi de Marcos ausgeübt huet, verdaamt, grad wéi d'Korruptioun an d'ondemokratescht Virgoe vum Marcos-Regime. Hien huet vill derzou bäigedroen, datt déi spéider Presidenten, d'Corazón Aquino an de Fidel Ramos un d'Rudder komm sinn, am Kader vun enger Campagne fir dem Vollek seng Rechter zeréckzeginn, e Mouvement, dee vum Kardinol Sin voll ënnerstëtzt gouf. Och ënnert de Presidenten, déi duerno komm sinn, huet de Kardinol Sin säi Kampf géint d'Korruptioun net opginn. Vun de Philippiner ass de Kardinol Sin ëmmer gewëssermoosen als en Nationalheld an Idol gefeiert ginn, besonnesch och well d'Bekämpfung vun der Aarmut am Vierdergrond vu senge Bestriewungen stoung.
[Änneren] Seng Publikatiounen
- The Revolution of Love, 1972
- The Church Above Political Systems, 1973
- A Song of Salvation, 1974
- Unity in Diversity, 1974
- The Future of Catholicism in Asia, 1978
- Christian Basis of Human Rights, 1978
- Separation, Not Isolation, 1978
- Slaughter of the Innocents, 1979
[Änneren] Um Spaweck
The political legacy of Cardinal Sin: Een Artikel vum Philip Bowring