Karl Friedrich Küstner
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Karl Friedrich Küstner gebuer den 22. August 1856 zu Görlitz; gestuerwen den 15. Oktober 1936 zu Mehlem (haut en Uertsdeel vu Bonn) war Professer fir Astronomie zu Bonn an ass den Entdecker vun der Polbewegung.
De Küstner war Observateur am Hamburger Observatoire a spéider am Observatoire zu Berlin. Vun 1891 bis 1925 war hie Direkter am Observatoire zu Bonn.
Am Joer 1888 huet hie festgestallt, datt a laange Miessreien d’Breet e klenge periodescher Afloss vu ronn 0,3" (10 Meter) optrëtt. Et mécht nëmmen 1 Milliounstel vum Erdradius aus, a luch deemools haart un der Grenze vun der Nowäisbarkeet.
No heitegen Erkenntnesser verleeft d’Polbewegung a Form vun enger Spirale Schwengung vu 5-10 m a ronn 430 Deeg(Chandler-Period).
Opgrond vum Küstner sengen Entdeckungen, déi ënner aneren vum Seth Carlo Chandler a vum Richard Schumann méi no ënnersicht goufen, hunn d’Astronomen den Internationalen Breedendéngscht gegrënnt mat weltwäit 5 Observatoire op 39° Breet (spéider International Polar Motion Service (IPMS) an International Earth Rotation and Reference Systems Service (IERS, Internationalen Erdrotatiounsdéngscht).
De Küstner ermëttelt 1905 d’Sonnenparallax an d’Aberratiounskonstant aus spektrographesche Miessungen. Hien erstellt och e Stärekatalog (1908) mat 10663 Stäreplazen.