Kartäuser
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel zum Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Kartäuser (op fr. chartreux) ass de Numm vun engem reliéisen Uerde vun der kathoulescher Kierch, dee vum hl. Bruno gegrënnt gouf, wéi hie sech 1084 mat sechs Compagnonen an de Massif de la Grande Chartreuse zeréckgezunn huet. Et handelt sech ëm en Eremitenuerden, d. h. Einsiidler déi zesummeliewen: jiddereen huet en Haische fir sech mat engem Gaart. Dës Haisercher leie ronderem e Bannenhaff, mam Kierfecht dran. D'Regel vum Uerden ass ganz streng, si verbitt souzesoen all Gespréich an all Kontakt mat der Baussewelt. Déi meescht Zäit verbrengt e Kartäuser an sengem Haischen, just 3 mol am Dag gesi se sech fir d'Gebiet an der Kierch a Sonndes fir z'iessen, eemol an der Woch maache se och e Spadséiergank mateneen.
An engem Klouschter (enger Chartreuse) liewen dräi Zorte Kartäuser:
- Pateren
- Bridder
- Donaten
Et gëtt och Kartäuseruerde fir Fraen.
D'Pateren aus dem Haaptkklouschter (Grande Chartreuse am franséischen Departement Isère) liwweren d'Kraider fir d'Produktioun vum Likör mam Numm Chartreuse.