Kierch Jonglënster
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kierch vu Jonglënster | |
Uertschaft | Jonglënster |
Par | Jonglënster |
Numm | Hl. Martin |
Konsekratiounsjoer | 27. Juli 1774 |
Parverband | Jonglënster |
'Architekt(en) | ' |
Reliéis Gebaier |
D'Kierch vu Jonglënster ass an de Jore vu 1771 bis 1773 gebaut ginn, ënner dem Paschtouer Otto Borrigs (1744-1786)
[Änneren] Iwwert d'Gebai
Iwwert dem Kircheportal kann een dese Chronogramm gesinn deen d'Joer 1772 ergëtt:
ECCLESIA PAROCHIALIS IN LINSTER
NOVITER ERECTA SUB PATROCINIO
SANCTI MARTINI A PASTORE OTTONE BORRIGS
D'Kierch ass de 27. Juli 1774 vum Bëschof Hontheim vun Tréier konsekréiert ginn.
Bannen a baussen ass d'Kierch an der Joren 1967 bis 1974 restauréiert ginn.
Hannen an der Kierch op der rietser Säit ass eng Wandmolerei vum Dominique Lang.
[Änneren] D'Statuen
- D'Hl. Caecilia
- De Kinnek David
- Den Hl. Martin
- De Hl. Poopst Clemens
[Änneren] D'Grafsteng
Op de Grafsteng an der Kierch gesäit een:
- Den Heinrich vu Metzenhausen, Här vu Lënster († 1574), mat sengen zwou Fraen: d'Eva Waldpott (Waldbottin) vu Bassenheim († 1564) an d'Johanna vun Elter († 1576)
- De Bernhardt vun Orley, Här vu Lënster, gestuerwen den 8. Oktober 1591
- D'Julianna vu Boulich, d'zweet Fra vum Bernhardt vun Orley, gestuerwen de 5. Dezember 1597
- D'Anna vu Malberg († 1568), déi éischt Fra vum Bernhardt vun Orley, Här vu Lënster
- D'Elisabeth vun Elter († 1540)
- D'Franziska vu Bolant († 1539)
- De Bernhardt vun Orley († 27. Oktober 1494)
- De Claude vun Orley († 1539)
- D'Anna vu Malberg († 1568)
- De Clemens vun Orley († 1539)
[Änneren] Paschtéier zu Jonglënster
- 1744 - 1783 Otto Borrigs
- 1783 - 1789 Eberhard Krantz
- 1789 - 1808 Karl Molitor
- 1808 - 1826 Benedikt Havelange
- 1826 - 1836 Philippe Graas
- 1836 - 1877 Peter Schintgen
- 1878 - 1915 Johann Nikolaus Krier
- 1915 - 1932 Wilhelm Steimetz
- 1932 - 1944 Eugen Medinger
- 1944 - 1945 Nicolas Godefroid
- 1945 - 1964 Henri Heuertz
- 1964 - 1981 Pierre Schaus vu Béiwen/Atert
- 1981 - 1999 Jean Siebenbour vu Munneref
- 1999 - [?]] Jeannot Gillen vun Esch-Uelzecht