Kierch Veianen (Nikloskierch)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Nikloskierch zu Veianen | |
Uertschaft | Veianen |
Par | Veianen |
Numm | Hl. Neklos |
'Konsekratiounsjoer | ' |
Parverband | Veianen |
'Architekt(en) | ' |
Reliéis Gebaier |
1248 koumen d' Trinitarier op Veianen an hunn d'Spidol iwwerholl, dat de Grof vu Veianen baue gelooss hat. Virdru war Veianen en Deel vun der Par Roth, déi vun den Tempelhären geréiert gouf.
Esou gouf 1256 Veianen nei opgedeelt. D'Uewerstad war vun do un eng eege Par, déi vun den Trinitarier geleet gouf, d'Ënnerstad blouf Filial vun der Par Roth an d'Templer hun eng 50 Meter ënner der Our-Bréck eng eege Kierch gebaut. Nodeems den Templeruerden 1312 opgeléist gouf, an d'Johanniter zu Roth d'Par iwwerholl haten, krut d'Kierch den Numm Nikloskierch.
Lénks niewent der Kierch gouf 1545 e Kierfecht ugeluecht.
[Änneren] D' Gebai
Um Ufank war d'Kierch eng Halekierch (mat engem Raum), eréischt méi spéit ass de Chouer an d' Sakristei bäigebaut ginn. 1723 koum et an der Virstad zu engem Brand, bei deem d'Kierch an dee gréissten Deel vun der Virstad d'Affer vun de Flame goufen. Schonns ee Joer drop war d'Kierch nees opgebaut. D'Kierch hat dunn en typescht gotescht Kräizrëppegewëllef. Mee déi gotesch Fassad gouf dem Barock-Stil ugepasst, grad ewéi de barocken Daachreider mat héijem Helm.
[Änneren] De Chronogramm
SANCTE TVOS CHRISTOS NICOLAE TVERE CLIENTES CORPORIS AC ANIMAE TVTOR ORARE POTENS (Wiechter Niklos, protegéiere déi, déi där uvertraut sinn, mächtege Beschützer, biet fir Leif a Séil!) Dëse Chronogramm vun 1724iwwert der Kierchendier war am Ufank baussen iwwer der Dier ubruecht.
[Änneren] Den Altor
Den Altor an der Nikloskierch ass e Barockaltor vu 1768. Op dem Antependium vum Altor ass an engem Dräieck en A ze gesinn, d'Symbol vun der Dräifaltegkeet, ëmgi vu Liichtstrahlen an engem Kranz. D' Retabel mecht en Hallefkrees agerummt vun Eckpottoen a Sailen. Op der geschnëtzter Dier vum Tabernakel ass e Kielech mat enger Hostie mat Drauwen. Doriwwer steet eng Statu vum hellegen Niklos. Zu senge Féiss kommen dräi zum Liewen erwechte Jongen aus dem Faass. Den Ofschloss vum Altor ass eng Kartusch mat der Zuel 1768, d'Joer, an deem den Altor gebaut gouf.
[Änneren] De Bommenzinnes
An der lénker Säitemauer steet zënter e puer Joer déi original Statu vum hellege Nepomuk, am Volleksmond Bommenzinnes genannt. D'Statu op der Our-Bréck ass nëmmen eng Kopie.
[Änneren] D' Klacken
Am Dachreider hänken zwou Klacken. Eng Marieklack an "do" vun 1624 an eng Niklosklack a "sol" vun 1873.