Klackentuerm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Klackentuerm ass meeschtens en Tuerm dee fräi steet an an deem Klacken hänken.
Bal all Kierchtuerm ass e Klackentuerm. Et gëtt awer och Klackentierm bei net reliéise Gebaier wéi z.B. de Klackentuerm vu Berlin am Berliner Olympiastadion. Am fréiere KZ Buchenwald steet e Klackentuerm als Mémorialgebai.
Bei der Konstruktioun vu Klackentierm muss drop opgepasst ginn datt d'Klacken déi meeschtens uewen am Tuerm hänken, den Tuerm (besonnesch beim Lauden) net zevill belaaschten.
Heiandsdo sinn sou Tierm och en Deel vun engem Musekinstrument, dem Klackespill oder Carillon, wéi z.B. an der Kathedral zu Lëtzebuerg.