Klauschter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Klauschter ass e Schlass, dat gewéinlech gebraucht gëtt, fir Reedelen oder Ketten zouzemaachen. Den Numm kënnt vum Laténgesche claustrum - zou. Am Géigesaz zu engem normale Schlass ass et net agebaut, mee ka fräi doruechter opgehaange ginn.
Et besteet aus engem feste Gehais, an deem de Mechanissem agebaut ass fir ze blockéieren, an dee mat engem Schlëssel opgespaart ka ginn. Dëse Mechanismus blockéiert (oder deblockéiert) e Bigel a Form vun engem "U" op enger Säit vum "Been" vum "U". Dat anert "Been" ass esou festgemaach, datt, wann de Bigel deblockéiert ass, et e mat enger Fieder e bëssen erausgedréckt, an et erméiglecht, en esou ëm seng eegen Achs ze dréinen. Esou kann een de Kierper an de Bigel vuneneen ewech dréinen, an dat, wat mam Klauschter zeummegehale gëtt, eraushuelen.
Et gi Klauschteren, déi amplaz vun engem Schlëssel Trommele mat Zifferen drop hunn. Hei ass et eng bestëmmet Positioun vun de Rieder, déi een astelle kann, wann een d'Zifferekombinatioun kennt, an déi esou de Mechanissem deblockéiert.
[Änneren] D'Klauschter an der Literatur
[Änneren] D'Klauschter an der Oper
Am drëtten Optrëtt vum éischten Akt vum Mozart senger Oper Die Zauberflöte kritt de Vullefänkert Papageno vun der drëtter Damm vun der Königin der Nacht e Klauschter un de Mond gehaangen. An dat, datt hie vun do u keng Friemer méi sollt beléien.