Kräid (Geologie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Period vun der Kräid ass di jéngsten Period aus dem Äerdmëttelalter. Si huet virun ongeféier 145 Millioune Joer ugefaangen a bis virun 65 Millioune Joer gedauert.
Si steet am Zäitalter nom Jura a virum dem Paläogen a gëtt an zwou Epochen agedeelt: der Ieweschter Kräidepoch an der Ënneschter.
Si ass den Iwwergang vum Äerdmëttelalter an der Äerdneizäit, bei der dräi Véirels vun all de Liewewiese verschwonne sinn. D'Grenz ass duerch d'Tounschicht definéiert, déi di kallekräich Sedimenter vun der Kräid-Period vun dene vun der nofollgender Epoche trennt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Iewescht Kräidepoch
Dës Epoch huet vu virun ongeféier 99,6 bis virun 65,0 Millioune Joer gedauert.
-
- Maastricht
- Campan
- Santon
- Coniac
- Turon
- Cenoman
[Änneren] Ënnescht Kräidepoch
Dës Epoch huet vu virun ongeféier 145,0 bis virun 99,6 Millioune Joer gedauert.
-
- Alb
- Apt
- Barrême
- Hauterive
- Valangin
- Berrias
[Änneren] Fauna a Flora
Di gréissten Aartevillfalt vun den Dinosaurier ass entstanen. D'Bléieplanzen hunn eng Allianz mat den Insekte gebild: si hunn hinne Pollen an Nektar ugebueden, am Géigenzug si si vun hinne bestäubt ginn. D'Plazenta- an d'Béideldéieren hu sëch vun den Urmamendéieren ofgezweigt. Beim fënnefte Massstierwen vun der Äerdgeschicht gi bis zu dräi véirels vun allen Déieren- a Planzenaarte verluer.
[Änneren] Wichteg Déieren a Planzen aus där Zäit
- Panzersaurier (Ankylosaurus)
- Fëschsaurier (Ichthyosaurus)
- Raubsaurier (Tyrannosaurus)
- Dräiharsaurier (Triceratops)
- Fächerpalm
- Bamfar