Kredenzdëschelchen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Kredenzdëschelchen oder d'Kredenz ass e klengen Dësch, op deem während der réimesch-kathoulescher Mass d'Kännercher mat Masswäin a Waasser stinn. Wann de Kielech an d'Hostieschuel net um Altor stinn, da si se op der Kredenz.
Bei der Gowebereedung bréngen d'Massendénger dem Paschtouer Wäin a Waasser. Déi eidel Wäikännchen get duerno erëm op d'Kredenz zréckgestallt, de Paschtouer kritt elo d'Hänn gewäsch (Lavabo), d'Schuel an deeër d'Waasser dobäi opgefaange gëtt, an d'Duch fir d'Hänn ze dréchne leien och op der Kredenz. Nom Kommunizéiren gëtt den Altor ofgeraumt an d'Hostieschuel a Kielech kommen zeréck op d'Kredenz.