Kriminalitéit
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Kriminalitéit (lat.: crimen, Ukloen, Schold, Verbriechen) orientéiert sech haaptsächlech un der juristescher Definitioun vun enger Strofdot, woubäi d'Kriminalitéit awer éischter als Gesamtphänomen ugesi gëtt an eng Strofdot éischter individuell ass.
D'Kriminalitéit an engem Land (taux de crimininalité) ass staark ofhängeg vun der Gesetzgebung vum deem Land. Als Beispill kann en do d'Drogegesetzer uginn. Verschidde Länner hunn do méi streng, anerer méi large Gesetzer, wat soe wëllt datt wat en an engem Land verbrécht, an engem aneren net als Verbriechen ugesi gëtt.
Aner Beispiller vun de verschiddene Staatsopfassungen iwwer Kriminalitéit sinn déi datt z.b. potentiell Mäerder déi am Optrag vun engem Geheimdéngscht schaffen, vun dem Staat fir deen se den Uerder auféiere, geéiert ginn, wann se awer derbäi an engem anere Staat erwëscht ginn, kann et sinn datt se gekäppt ginn.
De Gesamtphänomen Kriminalitéit hänkt leschtenends sou zum groussen Deel vun der Legislatioun, an der sozialer Struktur vun engem Land of, an huet sech am Laf vun de Joerhonnerte stark verännert.
Dobäi däerf en de reliéisen a rituellen Afloss op d'Gesetzgebung net vergiessen, deen net ëmmer positiv ass. Excisioun oder aner rituell Kierperverstümmelungen ginn an héich ziviliséierte Länner als kriminell ugesinn, während an deene Länner wou se praktizéiert ginn, meeschtens keng legal Basis besteet fir dergéint virzegoen, oder wann et se och nach gëtt d'Executiv net amstand ass fir se ëmzesetzen, an de Wëllen dofir och net do ass, well et net der Mentalitéit vun der Bevölkerung entsprecht.
Vum soziologesche Standpunkt aus gesinn, gëtt déi kriminell Dot, net duerch d'Dot u sech bestëmmt. Den individuelle Kriminellen, gëtt dat, an dem Moment wou e vun engem Geriicht schëlleg gesprach gëtt. Dobäi gëtt d'Gravitéit vun der Dot nach no verschiddene Facteuren analyséiert, z.b op en zourechnungsfäheg ass oder net.