New Immissions/Updates:
boundless - educate - edutalab - empatico - es-ebooks - es16 - fr16 - fsfiles - hesperian - solidaria - wikipediaforschools
- wikipediaforschoolses - wikipediaforschoolsfr - wikipediaforschoolspt - worldmap -

See also: Liber Liber - Libro Parlato - Liber Musica  - Manuzio -  Liber Liber ISO Files - Alphabetical Order - Multivolume ZIP Complete Archive - PDF Files - OGG Music Files -

PROJECT GUTENBERG HTML: Volume I - Volume II - Volume III - Volume IV - Volume V - Volume VI - Volume VII - Volume VIII - Volume IX

Ascolta ""Volevo solo fare un audiolibro"" su Spreaker.
CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Lëscht vun de lëtzebuergesche Sprach- a Wouerwierder - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Lëscht vun de lëtzebuergesche Sprach- a Wouerwierder

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel. Dëst kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Hei ginn e puer lëtzebuergesch Sprach- a Wouerwierder an alphabetescher Reiefolleg opgezielt:

Inhaltsverzeechnis : Ufank - A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z


[Änneren] A

  • Ween A seet, muss och B soen.
  • Adam an Éiv waren déi zwee éischten Äppeldéif.
  • Aus den Aen, aus dem Sënn.
  • Véier Aen gesi méi wéi zwee.
  • D'Aen op oder de Beidel.
  • Wat een net änneren kann, soll ee roueg erdroen.
  • Näischt gesot ass och eng Äntwert.
  • Een Af mécht der honnert.
  • Engem Af geet alles gutt.
  • Léier keen alen Af Grimmasse machen.
  • Al Eisen, ale Goss, al Fraen, ale Verdross.
  • En ale Kniecht an eng jonk Mod gëtt gäeren e grousse Stod.
  • Bei den Alen ass ee gutt gehalen.
  • Dat Alt dauert am längsten.
  • Den Alter geet vir (sot den Eilespill, dunn huet e seng Mamm d'Trap era gestouss).
  • Den Apel fält net wäit vum Bam, e misst just de Bierg erofrullen.
  • Et soll een sëch ëmmer een Apel fir den Duuscht versuergen.
  • Den Appetit kënnt iwwert dem Iessen.
  • Wann d'Aarbecht ee räich mëcht, da wäer den Iesel méi räich ewéi de Mëller.
  • Vun der Aarbecht gëtt kee fett.
  • Besser e midden Arm, wéi een eidlen Daarm.
  • Arm sinn ass keng Schan.
  • D' Armutt ass e Sträitmëcher.
  • D'Ausriede si fir ze gebrauchen.

[Änneren] B

  • Bal ass nach keen Hues an der Fal.
  • Besser den Aascht fält ewéi de Bam.
  • Déi dommste Baueren hunn déi déckste Gromperen.
  • Wat de Bauer net kennt, dat frësst en net.
  • E Bauer, e Béier an e Stéier, dat sinn dräi ongemelleg Déier.
  • Et ass derfir gesuergt, datt d'Beem net an den Himmel wuessen.
  • Wat een net am Kapp huet, muss een an de Been hunn.
  • Wéi e beicht, esou gëtt e lassgesprach.
  • Wéi een an de Bësch rifft, esou schaalt et och eraus.
  • Dat bescht kënnt hanneno.
  • Besser spéit eppes, ewéi fréi näischt.
  • Besser spéit, ewéi guer net.
  • Besser eng Kuuscht an der Täsch, ewéi eng Fieder um Hutt.
  • D'Bestueden ass eng Lotterie.
  • Ewéi een säin Bett mécht, esou schléift een.
  • Et ass besser biedelen, ewéi stielen.
  • Hannert dem Bierg sinn och Leit.
  • Een neien Biesem kiert besser.
  • Och eng blann Sau kann eng Eechel fannen.
  • Et ass nach laang net alles Gold, wat blénkt.

[Änneren] C

  • Grénge Chrëschtdag, wäissen Ouschterdag.

[Änneren] D

  • Schéck een Dabo an de Bësch, da kriss de een Eefalt erëm
  • Muer ass och nach een Dag.
  • Wat den Dag méi helleg, wat den Däiwel rosener ass.
  • Et gëtt näischt esou reng gestiicht, t'kënnt dach un Dagesliicht.
  • Wou Damp ass, do ass och Feier.
  • Et muss ee mat deene Meedercher danzen, déi do sinn.
  • Engem Dawen ass gutt priedegen.
  • Et muss een sech der Decke no strecken.
  • All Déierchen säin Pleseeërchen.
  • Dee klengen Déif hänkt een, de grousse léisst ee lafen.
  • Een Däiwel dreift deen aneren.
  • Wann der Däiwel hongreg ass da frësst e Fléi.
  • Ee Mënsch ass deem aneren säin Däiwel.
  • Et soll een den Däiwel net un d'Wand molen.
  • Wann ee vum Däiwel schwätzt, dann ass en schonn do.
  • All Dëppe fënnt säin Deckel.
  • Wat ënnert den Dësch fällt, ass fir d'Mod.
  • Géint d'Dommheet gëtt et kee Mëttel.
  • Déi dommste Baueren hunn déi déckste Gromperen.
  • Ëmsoss ass der Doud, an dee kascht d'Liewen.
  • Géint den Doud ass kee Kraut gewuess.
  • Arm a räich, der Doud mécht alles gläich.
  • Wat een am Dreck méi réiert, wat ët méi sténkt.
  • Den Dreck leeft bis en zesumme kënnt.
  • Dräimol ass gëttlech, véiermol ass spëttlech.
  • Wat ee méi drénkt, wat ee méi duschtereg gëtt.
  • Engem Dronkenen geet e Fudder Hee aus dem Wee.
  • Fir d'Duechter ze kréien, muss een d'Mamm freien.

[Änneren] E

  • Ëmgekéiert ass och gefuer.
  • Eemol ass keemol.
  • Endlech ass net éiweg.
  • Alles huet en Enn, nëmmen d'Wurscht huet der zwee.
  • Et ass éischter gesot wéi gedoen.

[Änneren] F

  • Vum Fale léieren d'Kanner goen.
  • Vum Faschten krepéieren d'Honn.
  • Wie mat Feier ëmgeet, verbrennt sëch.
  • Wou Feier ass, do ass och Damp.
  • Wou et dämpt, do ass Feier.
  • Et muss een e klenge Fësch an d'Waasser werfen, fir een decken ze fänken.
  • Et ass nach kee Fëscher mat dräi Häre begruewe ginn.
  • D'Fëscher an d'Jeeër schwätzen eng Sprooch.
  • D'Fëscher an Jeeër si Plättelefeeër.
  • Un de Fiederen erkennt een d'Vullen.
  • Et ass méi liicht e Saak Fléi ze hidde wéi e verléiftent Framënsch.
  • Flott gelieft a séileg gestuerwen, dat ass dem Däiwel d'Rechnung verduewen.
  • Eng uerg Fra ass een Zonk ëm d'Haus.
  • Wien seng Fra gäeren huet, léisst se doheem.
  • Wou d'Fra d'Box unhuet, wéckelt de Mann d'Kanner.
  • Wien Ongléck huet mat de Fraen a Gléck mat de Päerd gëtt e räiche Mann.
  • Fréiopstoe mécht den Dag laang.
  • Dee vill freet gëtt vill gewuer.
  • All Fro ass eng Äntwert wäert.
  • Mat Froe vermécht een näischt.
  • E laange Fuedem, eng faul Néiesch.
  • E schlechte Fuuss deen nëmmen ee Lach huet.

[Änneren] G

  • No dräi Deeg gëtt de Gaascht deene meeschte Leit zur Laascht.
  • Déi ongeluede Gäscht setzt ee virun d'Dier.
  • Engem geschenkte Gaul kuckt een net an d'Maul.
  • Laag gebuergt ass net geschenkt.
  • Jiddwer Geck gefält seng Kap.
  • Ee Geck mécht der honnert.
  • Ee Geck ka méi Froen stelle wéi honnert Weiser beäntwerte kënnen.
  • Aus Geck gëtt dacks Eescht.
  • D'Kanner an d'Gecken soen d'Wourecht.
  • Mat Force räisst een och eng Geess hannen erëm.
  • Deem enge gefällt d'Mamm, deem aneren d'Duechter.
  • Mat gaangen, mat gefaangen, mat gehaangen.
  • Dee vill huet ass vill gehäit, deen näischt huet nach méi.
  • Deemno Geld, deemno Wuer.
  • D'Geld regéiert d'Welt.
  • D'Geld gëtt een ewech, an den Efalt behält een.
  • A Geldsaachen héiert d'Gemittlechkeet op.
  • D'Geleeënheet mécht den Déif.
  • Gemelleg kënnt een och virun.
  • Geplot ass och gelieft.
  • D'Gerechtegkeet huet eng Nues aus Wues.
  • Besser schlecht geridde wéi stolz gangen.
  • Et kënnt alles op d'Geschéck un.
  • D'Geschir weist d'Aarbecht.
  • Et ass éischter gesot wéi gedoen.
  • Dee gesond ass, soll net kloen.
  • Zwee gesi méi wéi een.
  • E gutt Gewëssen ass dat beschte Kappkëssen.
  • Ginn an erëm geholl ass gestuel.
  • Et muss een sech net ginn, esoulaang nach Kniddelen am Dëppe sinn.
  • De gudde Glaw mécht séileg (an de Speck mécht fett).
  • D'Gléck geet dem Soff no.
  • Et ass net alles Gold wat blénkt an net alles Dreck wat sténkt.
  • Et kann een net alles op d'Goldwo leeën.
  • D'Guttheet ass e Stéck vun der Dommheet.

[Änneren] H

  • Wat een net halen kann, dat soll een och net verspriechen.
  • Deen näischt vun sech hält, deen ass näischt.
  • Eng Hand wäscht déi aner.
  • Alles ass een Handwierk (an d'Fléifänken eng Geschwënnegkeet).
  • Vill Hänn läsche vill Bränn (awer si sinn der Däiwel am Zoppekomp).
  • Waarm Hänn, Léift ouni Enn.
  • Kal Hänn, waarmt Häerz.
  • Déi kleng Spëtzbouwen hänkt een, déi grouss léisst ee laafen.
  • Hätten an Haten, dat woren zwou aner Staten (Stied).
  • Zwee haarder Steng muelen selten reng.
  • Keen Haus ouni Maus.
  • Eng fläisseg Hausfra ass déi beschte Spuerbécks.
  • Här ass Här a Max ass Max.
  • Den Här priedegt nëmmen eemol.
  • Wéi den Här sou d'Geschär.
  • Et ka keen zwee Hären gläichzäiteg déngen.
  • Déi déck Hären bäissen sech net.
  • Eiser Herrgott huet allerhand Kaschtgänger, awer keng déi näischt iessen.
  • Et soll een eisem Herrgott net an d'Handwierk fuschen.
  • Kënns de net haut, da kënns de muer.
  • Héieresoen ass hallef gelunn.
  • Den Hieler ass esou gutt wéi de Stieler.
  • Wat een net hiewe kann, dat soll een leie loossen.
  • Späert äer Pëllen an, ech loosse méng Hinnercher lafen.
  • Et muss een dat Bescht hoffen, dat Schlecht kënnt vum selwen.
  • Hoffnung léisst liewen.
  • Wann den Hond net geschass hätt, dann hätt en den Hues kritt. (En hätt en nawell kritt wann e kee Gras gerappt hätt fir den Hënneschten afzebotzen)
  • Dee mat Hënn schlofe geet, steet mat Fléi op.
  • Et gëtt méi Kette wéi rosen Hënn.
  • Hënn déi billen, bäissen net.
  • Den Honger dreiwt de Wollef aus dem Bësch.
  • Honger ass de beschte Kach (schmaacht et net, et ësst een et dach).
  • Engem Hongregen ass gutt kachen.
  • Bal ass nach keen Hues an der Fal.
  • Deen zwee Huesen zugläich noleeft, dee kritt keen.
  • Deen et laang huet léisst et laang hänken.
  • Deen näischt huet ka näischt verléieren.
  • Wat ee méi huet, wat ee méi wëllt hunn.
  • Wee vill huet, brauch méi.
  • E gudden Hunn gëtt net fett.
  • Dee wou wëllt Hunneg lecken, däerf d'Beien net fäerten.
  • Et ass besser den Hutt ewéi de Kapp verluer.

[Änneren] I

  • Véirel op kal Ierbessen, wann se waarm si kriss de se z'iessen.
  • Wann et dem Iesel ze wuel ass, da geet en op d'Äis danzen.
  • E gudden Iesel stéisst sech nëmmen eemol
  • Als Iesel gebuer, als Iesel gestuerwen.
  • Ween den Iesel spillt muss d'Säck droen.
  • Du kanns den Iesel bei d'Waasser féieren awer saufe muss e selwer
  • Iessen an Drénken hält Läif a Séil zesummen.
  • Wéi am Iessen, esou an der Aarbecht.
  • Et geet näischt iwwer eng gudd Ausried.

[Änneren] J

  • De Verstand kënnt mat de Joren (awer och déi gro Hoer).
  • Et soll een net jäitze bis ee geschloen ass.
  • Jidderengem säint, dann huet der Däiwel näischt.

[Änneren] K

  • Vill Käch verdierwen de Bräi.
  • Wann d'Kallef am Pëtz läit, da kënnt den Deckel drop.
  • Aus Kanner gi Leit.
  • D'Kanner hun d'Lachen an d'Kräischen an engem Sak.
  • Wann een de Kanner dee klenge Fanger gëtt, da wëlle si d'ganz Hand.
  • Kleng Kanner, klengt Leed, grouss Kanner, grousst Leed.
  • Eng Kannerhand ass séier gefëllt.
  • Wat een net am Kapp huet muss een an de Been hunn.
  • Et kann een net all Kapp ënnert een Hutt brengen.
  • Wat näischt kascht, ass och näischt.
  • D'Kaze loossen d'Mausen net.
  • Wann d'Kaze fort sinn, da sinn d'Mais Meeschter.
  • Déi schwaarz Kéi gin och wäiss Mëllech.
  • Kënnt Zäit, kënnt Rot.
  • Pass op dass d'Kierch am Duerf bleift.
  • Jiddereen soll virun sénger Dier kieren.
  • Nei Kierchen an nei Wirtshäiser stin siëlen eidel.
  • Et ass net all Dag Kiermes.
  • Deen op d'Kiermes geet, verléiert seng Plaz.
  • Wann een net un d'Kiischte kënnt, seet ee se wäre sauer.
  • Da gëtt ee gewuer, wat d'Pont Kiischte kaschten.
  • Deen nëmmen eng Klack héiert, héiert nëmmen ee Schall.
  • Wien héich klëmmt, fällt déif erof.
  • Deen huet nach Klibbersuen an der Täsch.
  • Mat Knëppelen fängt een keng Vullen.
  • 'T gëtt ee sou al wéi eng Kou, 't léiert een ëmmer dozou.
  • Sou al gët keng Kou.
  • De Krou geet esou laang zum Buer bis e brécht.
  • Deen an der Kutsch wëll fueren däerf d'Geld net spueren.

[Änneren] L

  • Et huet een esou vill vum Lachen, ewéi vum Kräischen.
  • Wee fir d'lescht lacht, lacht am beschten.
  • Wat laang dauert, gëtt gutt.
  • Lee dech era wéi s de bass, mäi Läpp ass och zerrass.
  • Wat een ewech léint, dat huen een net méi.
  • Maach ewéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit.
  • Iessen an Drénken hält Leif a Sàil zesummen.
  • Mach wéi d'Leit, da geet et der ewéi de Leit.
  • Et muss een d'Leit huelen wéi se sinn.
  • D'Bauere sinn och Leit.
  • Et muss een net alles gleewen, wat d'Leit soen.
  • Léiwer gro, wéi net méi do.
  • De Leschten ass de Beschten.
  • Aus aner Leit's Liëder ass gutt Rimme schneiden.
  • Wien net liesen a schreiwe kann, ass nëmmen en halwe Mann.
  • Et muss ee liewen, a liewe loossen.
  • Et kann een net vun der Loft aleng liewen.
  • Et liewt een nëmmen eemol.
  • Et liewt een net vun der Aarbecht, mä vum Profit.
  • Et gëtt och gedréckte Ligen.
  • E jonke Ligener, en alen Déif.
  • Wéi op der Long, esou op der Zong.
  • Jiddereen lueft seng Kanner, ewéi de Bauer seng Ranner.
  • Lues am Iessen, lues an der Aarbecht.

[Änneren] M

  • Mach wats de kanns.
  • Wann d'Mais sat sinn ass d'Miel batter.
  • Wéi d'Mamm, esou d'Duechter.
  • E Mann, e Wuert.
  • Wou kee Mann ass, ass kee Rot, wou keng Fra ass, ass kee Stot.
  • Matte, Meis a Mueden kënnen nëmmen schueden.
  • Dee gäeren ee Maufel hëllt, muss och de Mond opdin.
  • Ween näischt mëcht, deen näischt brécht.
  • Et mëcht een wéi ee kann, an net wéi ee wëllt.
  • Besser eng Méck am Dëppen, ewéi glat näischt.
  • Et fänkt ee méi Mécken mat Hunneg, ewéi mat Esseg.
  • Dat schéinste Meedchen kann net méi ginn, ewéi et huet.
  • Et muss een mat deenen Meedercher danzen, déi een huet.
  • Eng gutt Meenung an e gudde Glaf maachen séileg.
  • Eng gutt Meenung ass vill Wert.
  • Et ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall.
  • Wat ee méi huet, wat ee méi wëll hun.
  • Wat méi, wat léiwer.
  • Wann d'Meis saat sinn, ass d'Miehl batter.
  • Een nom aneren, sot de Mëller, do huet en d'Kanner der Rei no gebeetscht.
  • Wee mengt, dee weess näischt.
  • Iren ass mënschlech.
  • Op senger Mëscht ass den Hunn Meeschter.
  • Wat ee spuert iwwert de Mond, frësst d'Kaz oder den Hond.
  • Muar ass och (nach) een Dag.
  • Muergesstonn huet Gold am Monn.

[Änneren] N

  • Et geet dach näischt iwwer en eegent Nascht.
  • De Wollef verléiert säin alt Hoer, awer seng Naupen behällt hien.
  • Et ass néierens besser, wéi doheem.
  • De Näid frësst säin eegenen Här.
  • Géif de Näid brennen ewéi Feier, da wären d'Holz an d'Kuelen net esou deier.
  • Wien Näider huet, huet Brout, wien keen huet, läit Nout.
  • All Vulle stierwen, nëmmen d'Näidvullen net.
  • Wou näischt ass, kënnt och näischt hin.
  • Wou näischt ass, geet näischt zu Schanen.
  • Deen näischt wot, deen näischt wënnt, deen näischt sicht, deen näischt fënnt.
  • Deen näischt aus sech mëcht, aus deem gëtt näischt.
  • Deen net wot, deen net wënnt, deen net haspelt, deen net spënnt.
  • Nokucken kascht näischt.
  • Am Noper säi Gaard ass gutt kraude goen.
  • Gutt Nopere brauche keng Heck.
  • Et ass méi liecht fir nozekucken, ewéi ze schaffen.
  • Waarm Nuechten ginn gudde Wäin, awer krank Leit.
  • Nuets sinn Kaze gro.
  • De Numm mëcht vill zur Saach.
  • Et muss een d'Kand mam Numm nennen.
  • Null vun Null geet op.

[Änneren] O

  • Ondank ass der Welt Loun.
  • Deen Ongléck huet, brëcht de Fanger am Bräi.
  • Wien kann fir een Ongléck ? D'Welt ass voll.
  • Een Ongléck kënnt selten eleng.
  • Ongléck am Spill, Gléck an der Léift.
  • Am Ongléck erkennt een seng Frënn.
  • Onkraut vergeet net.
  • Deen sech irgert huet Onrecht.
  • Ze vill Recht ass Onrecht.
  • Et soll een sëch net méi oplueden, wéi een droen kann.

[Änneren] P

  • Pak zerschléit sech, Pak verdréit sech.
  • Ouni Hee kann dat beschte Päerd net fuerzen.
  • Pech am Spill, Gléck an der Léift.
  • Déi al Pëllen leeën déi decksten Eeër.
  • E wëllegt Päerd soll een net schloen.
  • Kee kann engem Plakegen an d'Täsch gräifen.
  • Dräimol plënneren ass esou gutt ewéi eemol verbrannt.
  • Pabeier ass gedëlleg.
  • Probéieren geet iwwer studéieren.
  • D'Propretéit ass d'halleft Liewen.

[Änneren] Q

[Änneren] R

  • De Räichtum kënnt net vum Geld ausgin.
  • Nom Reen kënnt ëmmer gutt Wieder.
  • Wann et reent, da reent et riet eran.
  • Reent et net, dann drëpst et eben.
  • Déi gutt Réit an déi schlamm Geesse kommen ëmmer hanneno.
  • De beschte Réit kommen ëmmer ze spéit.
  • Et muss een sech der Saach no riechten.
  • Weem net ze roden ass, deem ass och net ze hëllefen.
  • Gudde Rot ass deier, schlechte fënd een iwwerall.
  • D'Rou kënnt mam Alter.
  • Roum gouf net an engem Dag gebaut.

[Änneren] S

  • Bekëmmert sech jiddereen senger Saach, da fällt kee Schneider vum Dach.
  • All Saach huet zwou Säiten.
  • D'Haptsaach vun der Saach ass ëmmer d'Saach.
  • Wat Saachen a kee Schaf (fir se dran ze maachen).
  • Jiddferengem säint, dann huet der Däiwel näischt.
  • Zevill zerräisst de Sak.
  • Et soll een keng Kaz am Sak kafen.
  • Déi faulste Sau huet ëmmer dee gréissten Trach.
  • an eng eidel Scheier kënnt keng Maus.
  • Op engem schéinen Teller ësst een sech net sat.
  • Dee sech scheit, dee schued sech.
  • Wien laang schléift, schléift sech warm; wien fréi opsteet,ësst sech arm.
  • Et wees e wuel wéi een schlofe geet, awer net wéi een opsteet.
  • Wann et am beschten schmacht, da soll een ophalen mat iessen.
  • Wee gutt schmiert, dee gutt fiert.
  • Wien zevill gitt schmiert, deen bei der Däiwel fiert.
  • Un de Schnësser erkennt een d'Schwäin.
  • Wat e schreift dat bleift.
  • Deen de Schued huet, brauch fir de Spott net ze suergen.
  • Jiddfereen wees am beschten, wou de Schung en dréckt.
  • D'Vollerten an d'Kanner hun een egenen Schutzengel.
  • Et soll een schwätzen, ewéi engem de Schniewel gewuess ass.
  • Géint de Stroum ass schwéier schwammen.
  • Wat ze schwéier ass, dat hieft een net.
  • Net gespillt, ass sëcher gewonnen.
  • Wee sicht, dee fënnt.
  • Déi net do sinn, ginn net gezielt.
  • Siweschléifer Mëllechzopp, steet um halwer Mëtteg op.
  • Deen eemol alles gesot huet, huet hannenno näischt méi ze soen.
  • Mam Soen ass net gehollef.
  • D'Sonn huet nach kee Bauer vum Feld gedriwwen, awer de Reen.
  • D'Sonn schengt fir all Mënsch.
  • An der Stad, do kascht d'Pond Botter e Frang a soss zwanzeg Su.
  • Sou ass dat an der Stad, kriss de eng Mëtsch fir 5 Frang a bass nach net sat.
  • Aus Spaass gëtt Eescht.
  • Mat Speck fänkt e Mäis.
  • Speck a Brout schléit den Honger doud.
  • Wou geschafft gëtt, falen Spéin.
  • Besser spéit, ewéi glat net.
  • Deen een reeft de Steen, deen aneren werft en.
  • D'Stierwen ass dat lescht, wat e kann ufänken.
  • Mat Streech mëcht e säin beschte Frënd verdréisslech.
  • Et muss een sech der Decken no strecken.
  • Wou der zwee sech streiden, huet een drëtten d'Hand am Spill.
  • Wann der zwee sech streiden, freet sech den drëtten.

[Änneren] T

  • Trauen ass gutt, nokucken ass besser.
  • Et muss een ëmmer wëssen wéini datt een Tromp ausspillt.
  • Du sollst der ëmmer eng Tromp an der Täsch halen.

[Änneren] U

  • Alles huet een Ufank an een Enn.
  • Wou keen Ufank, ass och keen Enn.
  • All Ufank ass schwéier.
  • Ursaache sinn do fir ze gebrauchen.
  • Uewen erëm de Spëtzekranz, ënnen erëm de Läpp net ganz.

[Änneren] V

  • Emol verbrannt, an zweemol bestued mëcht räich.
  • Dat ass e schlechte Schmadd, dee keen Damp vedroë kann.
  • Dee keen Verdross huet, mëcht sech es.
  • Alles vergeet (nëmmen déi kloer Waasserzoppen net).
  • Wien näischt seet, vermault sech net.
  • Ween sech op déi aner Leit verléisst, deen ass verlooss.
  • Et versäit een sech net méi wéi hannert de Leit.
  • Verspriechen ass Schold, a Warden ass Gedold.
  • Verspriechen an Halen ass zweeërlee.
  • De Verstand kënnt mat de Joren.
  • Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser.
  • Besser Virsicht ewéi Nosicht.
  • Schéi Fiederen mache schéi Vullen.

[Änneren] W

  • Deen ass mat all Waasser gewäsch, just net mat Wäiwaasser.
  • Et gesäit ee méi wäit iwwert d'Waasser, ewéi dran.
  • Am dréiwe Waasser ass net gutt fëschen.
  • Am Wäin "erdrénken" der méi, wéi am Waasser.
  • Wee fir d'éischt beim Wäiwaasser ass, dee seent sech.
  • Wat net ass, kann nach ginn.
  • All Weeër féieren op Roum.
  • Wat's de net weess, dat mécht dech net heess.
  • Wat een net weess, dat weess en aneren.
  • Wéi een an den Bësch rifft, sou schaalt et zereck.
  • Déi Wëll lafen am Bësch.
  • Wann een ënnert d'Wëllef geet, muss ee mat haulen.
  • Mam Wëllen geet et eleng net duer.
  • Wann een de Kanner de Wëllen deet, da kräischen se net.
  • Mat guddem Wëllen mecht een vill.
  • Wëlls de net, dann hues de schonn.
  • Wëlls de dat eent, da wëlls de och dat anert.
  • Deen alles wëllt, kritt näischt.
  • Esou geet et op der Welt, deen een huet de Beidel, deen aneren huet d'Geld.
  • Et muss een mat der Welt virugoen.
  • Wat een wënscht, dat gleewt e gäeren.
  • Zwee wësse méi wéi een.
  • D'Wieder erkennt een um Wand, den Här um Kniecht, de Papp um Kand.
  • Mat Wierder bezuelt e keng Schold.
  • D'Wourëcht geet net ënner.
  • Op d'Wourëcht kann een bestom.
  • Wann een vum Wollef schwätzt, da kënnt en.
  • Et soll een net dem Wollef säin Pelz verkaafen, bis een en huet.
  • Demno Geld, demno Wuer.
  • Et muss een net all Wuert op d'Goldwo leeën.
  • E Wuert gëtt dat anert.

[Änneren] X

  • Engem en X fir en U virmaachen.

[Änneren] Y

[Änneren] Z

  • Alles huet seng Zäit, nëmmen d'Fléifänken net.
  • Zäit ass Geld.
  • Hues de mol d'Pensioun, dann hues de keng Zäit méi.
  • Keng Zäit, kee Rot.
  • D'Zäit an d'Leit muss een huele wéi se kommen.
  • Zevill ass ongesond.
  • Et weess een ni zevill, an dacks net genuch.
  • Déi zefridde Leit hunn ëmmer genuch.
  • Jiddfer Zirkus huet säi Clown.
  • Fir een Ziwwi ze maachen, muss een en Hues hun.
  • Wann e bis den Zock huet, da geet et bal vum selwen.
  • Hunneg op der Zong, Gal op der Long.
  • Vun der Zopp gëtt ee schéin.
  • Et gëtt keng Zopp esou waarm giess wéi se gekacht gëtt.

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu