Lëtzebuerg Privat
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Lëtzebuerg Privat ass eng däitschsproocheg "onofhängeg Wochenzeitung fir Lëtzebuerg".
Déi éischt Nummer koum den 3. November 2006 eraus. Den Editeur a Chefredakter ass de Jean Nicolas an de Chefredakteur-adjoint den Heinz Kerp. De Verlagssëtz ass L-8391 zu Kielen an d'Postadress eng Postkëscht zu Kapellen. D'Nummer 7 vu Mëtt Dezember 2006 huet eng "Oplo" vu 25.000 an ass 12 Säiten déck.
D'Opmaachung ass typesch fir Boulevardzeitungen, an de Stil erënnert däitlech un dee vun der Bild-Zeitung.