Lëtzebuerger Nationalfeierdag
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lëtzebuerger Nationalfeierdag gëtt all Joer den 23. Juni gefeiert.
Zënter dem Enn vum 18. Joerhonnert war et Tradition de Gebuertsdag vum jeweilegen Herrscher ze feieren. Ënner der Herrschaft vun der Groussherzogin Charlotte ass d'Feier op den 23. Januar gefall, also matsen an de Wanter.
Duerfir gouf 1961 - aus reng klimatesche Grënn - décidéiert Groussherzoginsgebuertsdag op den 23. Juni ze verleeën. Dësen Datum as dun zréckbehale ginn zënter datt de Groussherzog Jean den 12. November 1964 op den Troun komm ass.