Lumen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Lumen ass eng Filmproduktioun vun der lucil s.à r.l.
De Film gouf 2006 mat der Ënnerstëtzung vum lëtzebuerger Filmfong an dem daitschen Bundesbeauftragten fir Kultur an Medien, an Koproduktioun mat dem Bayereschen Rundfunk, gedréint. Regie gefouert huet de Philip Koch. D' Victoria Deutschmann, d'Julia Thurnau an den Luc Feit hun d'Haaptrollen. An enger Niewenroll kann een den André Jung gesinn.
De Film hat de 17. Januar 2007 um Filmfestival Max Ophüls Preis seng Weltpremière.
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
Lumen erzielt d'Geschicht vun enger jonker Fra, dei ënner enger schwéierer Liichtallergie leidt, a gezwongen ass, an engem daischteren Haus ze liewen.
D'Franka lieft mat sengem Papp a senger grousser Schwëster an dem gemeinsamen Famillienhaus - en Liewen voller Léift, Respekt, a Gebuergenheet, dat et dem Franka erméiglecht, sech mat senger schwéierer Krankheet oofzefannen. Mee mam Doud vum Papp schéngt sech alles ze änneren. D'Haus ass fir déi zwou Diechter ze grouss an ze deier. Dofir entscheet déi grouss Schwëster, d'Haus ze verkafen a mat hirem Frënd, dem Franka säin Dokter, zesummen ze plënneren. Fir d'Franka géif eng Welt zesumme briechen, well domat géif hatt alles verléiere wat him an sengem Liewen Halt gouf. D'Franka ass fest décidéiert, alles ze maachen, fir seng Schwëster vum Plang, d'Haus ze verkafen ofzebrengen - och wann et dofir Sacrificer aktzeptéiere muss...