Lux aeterna
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Lux aeterna (och Communio) ass en Deel, deen un den Agnus Dei an der liturgescher Doudemass uschléisst. Heiduerch soll fir de Verstuerwenen d'Éiwescht Liicht gefrot ginn (Latäin: lux Liicht aeternus éiweg.
[Änneren] Lux aeterna an der Musek
Lux aeterna nennt sech och e Song, deen de britesche Filmkomponist Clint Mansell zesumme mam Kronos-Quartett fir de Film Requiem for a Dream arrangéiert huet. Virun allem d'melancholescht Haaptthema vum Lidd huet en héige Bekanntheetsgrad a gouf dofir a ville weidere Produktiounen agesat, sou zum Beispill beim Trailer vum The Lord of the Rings: The Two Towers oder Sunshine (Film). D'Kronos-Quartett huet déi klassesch Versioun vum Lidd an hierem Bühneprogramm.