Madurodam
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Madurodam ass e Fräizäitpark bei Den Haag am Staddeel Scheveningen an ass eng vun de gréissten touristeschen Attraktioune an Holland.
D'Anlag ass 18.000 m2 grouss an et fënnt een iwwer 300 Modeller vu Gebaier aus Holland oder soss an der Welt am Moosstaf 1:25. Eng ganz Parti ass animéiert.
Mat dëm Bau vun der Anlag ass 1950 ugefaange ginn an 1952 ass de Park opgaangen. Mam Bau vun dësem Park wollt d'Famill Madro un hiere Jong erënneren ,de Leitnant Maduro, deen 1945 am KZ Dachau ëmkomm ass.