Manolete
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Manuel Laureano Rodríguez Sánchez, genannt Manolete, gebuer de 4. Juli 1917 zu Córdoba; a gestuerwen den 28. August 1947 zu Linares, Spuenien war e berühmte spueneschen Torero. Hie war a ganz Spuenien wéinst sengem Courage an der Arena bekannt.
Hien ass 1947 an der Infirmerie vun der Arena vu Linares gestuerwen nodeems de Kampfstéier Islero en op d’Hare geholl hat. Déi tatsächlech Doudesursach war awer anscheinend eng Bluttransfusioun vun der falscher Bluttgrupp. Seng lescht Wierder waren No veo (ech gesinn näischt).
[Änneren] Film
De Schauspiller an Oscar-Preisdréier Adrien Brody spillt de legendären Torero am Film Manolete (2006/2007). D’Penélope Cruz spillt seng Frëndin. Well Déiereschutzbeweegunge fäerten, de Film géif de Stéierkampf zevill verherrlechen, kritiséieren déi e schonns staark, éiert en iwwerhaapt gedréint ass.
[Änneren] Weblinks
- http://www.fib.se/mano.html
- http://www.spanish-fiestas.com/bullfighting/manolete.htm
- http://www.mundotoro.com Stéierkampf-Homepage (Spuenesch)
- http://www.peta.org/feat-manoletemovie.asp Kritik um Film