Marie-Paule Schroeder
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Marie-Paule Schroeder, gebuer den 28. Juni 1956 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng Lycéesprofessesch an eng Molerin.
Vun 1975 bis 1979 mécht si Konschtstudien op der Université des Sciences Humaines zu Stroossbuerg, déi si mat enger Maîtrise ofschléisst. Vun 1985 bis 1990 an am Joer 1991 studéiert si an der Cité Internationale des Arts zu Paräis.
D' Marie-Paule Schroeder wunnt a schafft zu Lëtzebuerg an zu Bréissel.