Martin Linster
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Martin Linster, gebuer den 13. Oktober 1956 zu Boende am Kongo, ass e Lëtzebuerger Fotograf.
Hie selwer gesäit sech awer net als Fotograf, mee als Fotojournalist. Seng Spezialisatioun ass d'Schwarz-Wäiss-Fotografie. Vill vu senge Fotoe si charakteriséiert duerch eng ongewinnte Wiel vu Cadrage a Perspektiv.
Zënter 1997 ass hien attitréierte Fotograf beim "Lëtzebuerger Land".
[Änneren] Ausstellungen
- 1995: Nationalarchiv (zesumme mam Boris Kremer), Lëtzebuerg
- 2004: Alimentation Générale, Lëtzebuerg
- 2005: Réfugiés au Luxembourg, Centre de Documentation sur les Migrations Humaines, Diddeleng
- 2005: Rétro-perspectives en Bosnie 1992-2006, Beitrag: Sarajevo pendant la guerre, Centre Mondial de la Paix, Verdun
[Änneren] Um Spaweck
- "Ech waarde bis d'Situatioun komesch ass", Portrait vum Martin Linster an der Woxx
- Fotoe vum Martin Linster op der Websäit vun der Galerie Alimentation Générale