Mathias Koener
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel zum Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Mathias Koener (*15. November 1883 zu Waasserbëlleg - 7. Mäerz 1943 an der Stad) war Direkter vun Arbed-Schëffleng.
Nom Streik vum 31. August 1942 gouf hie vun engem Standgeriicht, dat vum Gestapo-Chef Fritz Hartmann presidéiert war, wéinst "Gefährdung des deutschen Aufbauwerkes durch grobfahrlässige Vernachlässigung seiner Pflichten als Betriebschef" veruerteelt. Hie gouf der Gestapo iwwerstallt an de 25. September 1942 op Hinzert bruecht. Et goung em do gesondheetlech esou schlecht, dass en Enn Januar 1943 an de Prisong vum Gronn zeréckbruecht gouf. En ass am Mäerz 1943 am Spidol gestuerwen.